US-Medien- an Entertainment-Entreprise
Potentielle Keefer fir d'Formel1 fonnt

D'Formel 1 ass dropp an drunn verkaf ze ginn, dat schreift de Magazinn "auto, motor und sport" op sengem Internetsite.
Beim potentielle Keefer Liberty Media handelt sech ëm eng amerikanesch Medien- an Entertainment-Entreprise mat Sëtz am Colorado. Wann Liberty Media 8,5 Milliarden Dollar un CVC iwwerweist, géif eng nei Era an der Kinneksklass ufänken, heescht et vun der Zeitung.
D'Investmentfirma CVC hat d'Formel 1 viru gutt 10 Joer iwwerholl. De Bernie Ecclestone huet der Fachzäitschrëft den Deal confirméiert.
Am meeschte gelies