Um Sonndeg war de Grousse Präis vun Italien um Circuit vu Monza. Den Nico Rosberg ass elo just nach 2 Punkten hannert dem Hamilton am Generalklassement.

Virun der Course war eng Gedenkminutt, fir den Affer vum schwéieren Äerdbiewen an Italien ze gedenken.
Op der séierster Course vum Joer war de Nico Rosberg dee Séierste beim Start.  Säin Teamkolleg Lewis Hamilton hat e schlechte Start, an ass bis op déi 6. Plaz zréck gefall.

RTL

© afp

Ganzer 11 Ronnen huet de Leader am WM-Klassement Hamilton gebraucht fir op déi 4. Plaz ze kommen.
No 12 Ronnen konnt de Nico Rosberg seng Avance op den Zweeten Sebastian Vettel op iwwer 6 Sekonnen ausbauen. No 20 Ronnen war den Hamilton Zweeten, dat mat engem Retard vun ronn 12 Sekonnen op säin Teamkolleg Nico Rosberg.

De Rosberg huet näischt ubrenne gelooss a fiert souverän zu Monza als éischten iwwert d'Arrivée. Säin Teamkolleg Lewis Hamilton ass um Enn den Zweete ginn. Am Generalklassement huet den Hamilton elo just nach 2 Punkten Avance op de Rosberg.
Et ass dem Rosberg säi 50. Podium, an et ass déi 50. Kéier datt 2 Däitscher zesummen um Podium stinn. De Sebastian Vettel ass nämlech mat sengem Ferrari op déi 3. Plaz komm, virum zweete Ferrari Kimi Räikkönen.