An der Formel 1 geet de Nico Rosberg op Mercedes beim Grousse Präis vun Singapur vun der Pole an d'Course. Nieft him steet de Daniel Ricciardo.

Op de Plazen 3 an 4 klasséiere sech de Lewis Hamilton respektiv de Max Verstappen. Déi drëtt Rei setzt sech aus Räikkönen a Sainz zesummen.

De Sebastian Vettel muss e Sonndeg vun der leschter Plaz aus un de Depart goen. Hien koum wéinst engem technesche Problem un sengem Ferrari net iwwert den éischte Qualifying eraus.

D'Resultater vum Qualifying an der Iwwersiicht:

1N. RosbergMercedes1:42.584  
2D. RicciardoRed Bull1:43.1150:00.531 
3L. HamiltonMercedes1:43.2880:00.704 
4M. VerstappenRed Bull1:43.3280:00.744 
5K. RäikkönenFerrari1:43.5400:00.956 
6C. SainzToro Rosso1:44.1970:01.613 
7D. KwjatToro Rosso1:44.4690:01.885 
8N. HülkenbergForce India1:44.4790:01.895 
9F. AlonsoMcLaren1:44.5530:01.969 
10S. PerezForce India1:44.5820:01.998 
11V. BottasWilliams1:44.7400:01.720 
12F. MassaWilliams1:44.9910:01.971 
13J. ButtonMcLaren1:45.1440:02.124 
14E. GutierrezHaas1:45.5930:02.573 
15R. GrosjeanHaas1:45.7230:02.703 
16M. EricssonSauber1:47.8270:04.807 
17K. MagnussenRenault1:46.8250:02.570 
18F. NasrSauber1:46.8600:02.605 
19J. PalmerRenault1:46.9600:02.705 
20P. WehrleinManor1:47.6670:03.412 
21E. OconManor1:48.2960:04.041 
22S. VettelFerrari1:49.1160:04.861