No 61 Ronnen um Marina Bay Street Circuit ka sech den Nico Rosberg in-extremis virum Dani Ricciardo duerchsetzen.

De Nico Rosberg wënnt ganz knapps virum Dani Ricciardo de Grousse Präiss vu Singapur.

Den Dani Ricciardo huet mam Wiessel an der 48. Ronn op Supersofts, d'Mercedes Team vum Nico Rosberg ënner Drock gesat, zum Schluss konnt sech den Däitsche Pilot awer knapps virum Australier behaapten.

Drëtte gëtt de Brit Lewis Hamilton, deen domat och d'Féierung vum General verléiert. De Kimi Räikkönen op Ferrari ka sech als Véierte klasséieren.

De Sebastian Vettel ka sech no enger 22. Startplaz nach op déi 5. Plaz verbesseren.

Am General iwwerhëlt den Nico Rosberg d'Féierung vum Lewis Hamilton. Hien huet elo 8 Punkten Avance op den Englänner.

RTL