Ricciardo notzt Problemer vun Hamilton aus a gëtt Éischten

© AFP
Et war kee ganz gudde Weekend fir Mercedes, ma dat konnt Red Bull ausnotzen.
De gudde Start vum Sebastian Vettel ass dem Ferrari Pilot direkt zum Verhängnes ginn. An der éischter Kéier huet hien den Nico Rosberg ofgeschoss an de Ferrari-Pilot konnt e puer Meter weider säi Gefier ofstellen, well seng Radophängung gebrach war. De Rosberg huet sech duerch d'Beréierung gedréint an ass zeréck gefall un d'Schluss vum Feld. Fir nach Punkten ze huelen, huet hie sech nees no Vir kämpfe mussen.
Dat huet den däitsche Pilot dann och probéiert, ma an engem Zweekampf an der 39. Ronn mam Kimi Räikkönen, wou et ëm déi 5. Plaz gaangen ass, huet den Nico Rosberg de Ferrari beréiert a krut dowéinst 10 Sekonne Strof. Säin Teamkollege a Rival am Kampf ëm d'Weltmeeschterschaft war zu deem Moment nach vir.
Ma och fir de Lewis Hamilton sollt et net de beschte Renndag ginn. An der 41. Ronn ass säi Motor a Flamen opgaangen an de Brit huet säin Auto misste stoe loossen. Elo hunn déi zwee Red Bullen, déi just e puer Sekonnen auserneen léien, d'Positiounen 1 an 2 iwwerholl a hunn d'Victoire ënnert sech konnten ausmaachen. Hei konnt sech den Australier Daniel Ricciardo géint de Max Verstappen duerchsetzen. Trotz senger Strof gëtt de Rosberg nach Drëtten.
Klassement vum Sepang International Circuit:
1. Ricciardo (Red Bull)
2. Verstappen (Red Bull)
3. Rosberg (Mercedes)
4. Räikkönen (Ferrari)
5. Bottas (Williams)
6. Pérez (Force India)
7. Alonso (McLaren)
8. Hülkenberg (Force India)
9. Button (McLaren)
10. Palmer (Renault)
11. Sainz (Toro Rosso)
12. Ericcson (Sauber)
13. Massa (Williams)
14. Kvyat (Toro Rosso)
15. Wehrlein (Manor)
16. Ocon (Manor)
Net ukomm sinn Nasr (Sauber), Gutierrez (Haas), Hamilton (Mercedes), Magnussen (Renault), Grosjean (Haas) a Vettel (Ferrari)
Am Generalklassement huet den Nico Rosberg elo 288 Punkten, virum Hamilton mat 265 an dem Ricciardo mat 204. Op Plaz 4 ass elo de Räikkönen mat 160 Punkten, 7 Punkten Avance op de Vettel an 13 op de Verstappen. De Jolyon Palmer konnt dann och bei dëser Course säin éischte Punkt huelen. Ouni Punkten sinn aktuell just nach de Gutierrez, Ericsson, Nasr an Ocon.