Formel 1
Pole fir de Nico Rosberg
Quali zu Suzuka
De Nico Rosberg huet d'Pole
Um Samschdeg war de Qualifying vum Grousse Präis vu Japan zu Suzuka. De Mercedes Pilot Nico Rosberg konnt sech d'Pole secheren, viru sengem Teamkolleg.
De Britt Lewis Hamilton war nëmmen 13 Dausendstel méi lues wéi de Rosberg. Fir den Däitschen Nico Rosberg ass et déi 30. Pole.
An der zweeter Rei starten um Sonndeg d'Ferrari Piloten Kimi Räikkönen an Sebastian Vettel.
De Grousse Präis vu Japan gëtt um Sonndeg Moien 7 Auer Lëtzebuerger Zäit gefuer.
Am meeschte gelies