Grousse Präis vu Japan
Victoire vu Rosberg, Mercedes Konstrukteur-Weltmeeschter

Um Sonndeg war de Grousse Präis vu Japan zu Suzuka. De Mercedes-Pilot Nico Rosberg huet gewonnen.
Den Däitsche konnt sech virum Max Verstappen op Red Bull an dem Lewis Hamilton um anere Mercedes duerchsetzen.
De 4-fache Japan-Gewënner Sebastian Vettel verpasst nees de Podium a gëtt Véierten.
Et ass dem Rosberg seng 23. Victoire an engem Grand-Prix. Domat huet hien elo 33 Punkte Virsprong op de Lewis Hamilton an der F1-WM. 4 Coursse viru Schluss huet sech Mercedes dann och schonn den Titel an der Konstrukteur-WM geséchert, also vun der beschter Ecurie, dat fir d'Drëtt hannerteneen.

Video: GP vu Japan
Perfekte Weekend fir Mercedes!
Am meeschte gelies