Lewis Hamilton wënnt de Grousse Präis vu Mexiko

De Lewis Hamilton gewënnt de Grand Prix vu Mexiko virum Nico Rosberg an dem Daniel Ricciardo. Am WM-Klassement gëtt et nees méi enk.
Beim Start gouf et direkt e kribbelege Moment, nodeems den Nico Rosberg eng Grëtz besser fort komm ass, konnt de Hamilton seng 1. Plaz mat aller Muecht behaapten, hien ass béi der 1. Kéier awer kuerz vun der Streck ofkomm, well en ze spéit gebremst hat.
Allerdéngs ouni sech e Schuet um Auto anzefänken.
Den Nico Rosberg huet den Otem och ee Moment missten unhalen. De Max Verstappen an den Däitschen haten sech liicht beréiert an den 1. an der WM-Wäertung huet en Ausfluch duerch Gréngs misste maachen. Alles huet sech awer erëm agereit.
No enger Kollisioun am hënneschten Deel vum Feld war de Safety Car du kuerz gefrot. No der Safety Car-Phase gouf et am 3. Tour awer keng Verännerungen un der Spëtzt vun der Course.
Vun do un huet sech d'Course um Autódromo Hermanos Rodríguez och agependelt an de Lewis Hamilton ass konstant mat engem Sécherheetsofstand virum Rosberg seng Course gefuer.
Den däitsche Pilot Nico Rosberg dogéint huet sech missten non stop mam RedBull Pilot Max Verstappen ronderëm ploen, sou dass et bis zum Schluss enk bliwwen ass fir déi 2. Plaz ze verteidegen.
No der Arrivée krut de Max Verstappen nach eng Zäitstrof, dowéinst ass hien am Klassement op déi 5. Plaz zeréckgefall.
De Ferrari-Pilot Sebastian Vettel huet dovunner profitéiert a gëtt nach den Drëtten. De Sebastian Vettel fält awer no enger Strof fir e verbuedent Manöver vun der 3. op déi 5. Plaz zréck.
Hei nach emol de Klassement am Iwwerbléck:
1 - Lewis Hamilton
2 - Nico Rosberg
3 - Daniel Ricciardo
4 - Max Verstappen
5 - Sebastian Vettel
Am General ass den Nico Rosberg nach ëmmer 1. mat 19 Punkte Virsprong, bei 2 Coursen, déi nach ze fuere bléiwen.