An an engem Interview op der BBC, huet de britesche Rennsportmanager Ross Brawn iwwert den Zoustand vum Michael Schumacher geschwat.

Et géifen Zeeche ginn, déi engem Courage maachen, sou de fréieren Techneschen Direkter an Teamchef vu Benetton, Ferrari a Mercedes; "Mir bieden all, datt et der méi dovunner ginn".

Déi meescht vun de ville Spekulatiounen, déi et gëtt, wiere falsch. Méi wollt de Brawn awer net soen. D'Schumacher Famill hält bekanntlech op hir Privatsphär. Am Dezember 2013 hat sech de fréiere Formel 1-Champion Michael Schumacher bei engem Skiaccident a Frankräich schwéier um Kapp blesséiert.