Op de leschte Kilometer vun der Formel 1-Saison decidéiert sech, wee Weltmeeschter gëtt. Ma och de Verstappen kann de Vettel nach vu Plaz 4 verdrängen.

Béid Mercedes-Piloten wollten am leschte Renne vun der Course déi beschten Ausgangspositioun. De Lewis Hamilton muss um Sonndeg nämlech wannen, wann hie Weltmeeschter wëll ginn, an donieft säi Konkurrent Rosberg net op de Podium kommen. Den däitsche Pilot kann et do méi roueg ugoe loossen, well en aktuell nach 12 Punkten Avance huet.

Am Q1 war et dunn och de Brit, deen am séiersten ënnerwee war, dat viru Vettel, Verstappen a Rosberg. Den zweeten Tour huet den Nico Rosberg da besser ofgeschloss an ass op Plaz 2 gelant, ma u säi briteschen Teamkollege ass hien awer net erukomm.

RTL

Déi lescht 10 Minutten hunn nees dem Brit gehéiert an hie konnt sech esou d'Pole sécheren, dat viru sengem Teamkollege a WM-Leader Rosberg. Mat senger leschter Ronn huet den Ricciardo et nach gepackt, fir op d'Plaz 3 ze kommen.

RTL

Plazéierungen:

01. Hamilton (Mercedes)
02. Rosberg (Mercedes)
03. Ricciardo (Red Bull)
04. Räikkönen (Ferrari)
05. Vettel (Ferrari)
06. Verstappen (Red Bull)
07. Hülkenberg (Force India)
08. Pérez (Force India)
09. Alonso (McLaren)
10. Massa (Williams)
11. Bottas (Williams)
12. Button (McLaren)
13. Gutierez (Haas)
14. Grosjean (Haas)
15. Palmer (Renault)
16. Wehrlein (Manor)
17. Kvyat (Torro Rosso)
18. Magnussen (Renault)
19. Nasr (Sauber)
20. Ocon (Manor)
21. Sainz (Torro Rosso)
22. Ericsson (Sauber)