Hamilton gewënnt Course, Weltmeeschter gëtt awer de Rosberg
Fir de Nico Rosberg ass et den éischte Weltmeeschtertitel a senger Karriär. - Eng Nobetruechtung.
Um Sonndeg war déi grouss Finale vun der Formel-1-Saison 2016.
Déi béid Mercedes-Piloten Hamilton a Rosberg si gutt gestart a konnten hir éischt zwou Plaze behaapten. Nodeems de Rosberg dunn awer an der Box e puer Sekonne verluer huet a vum Verstappen iwwerholl gouf, huet et ee Moment sou ausgesinn, wéi wann de Rosberg misst zidderen, fir säin éischte Weltmeeschtertitel kënnen ze feieren. Wéi de Rosberg dunn de Verstappen am Laf vun der Course awer konnt zeréckiwwerhuelen, huet et rëm gutt ausgesinn fir den Däitschen. Hien huet dunn seng zweet Plaz souverän verteidegt a fiert no 55 Ronnen hannert dem Hamilton iwwert d'Ligne d'Arrivée.
Drëtte gëtt de Sebastian Vettel a séchert sech domadder déi véierte Plaz am General.

Eng traureg lescht Course gouf et fir de McLaren-Pilot Jenson Button. Den Ex-Weltmeeschter huet no 13 Ronne säin Auto misse wéinst engem techneschen Defekt ofstellen.
Hamilton: Out bei Mercedes?
Aus taktesche Grënn ass de Lewis Hamilton absichtlech méi lues gefuer, fir datt d'Konkurrenz vu Red Bull a Ferrari méi no bäi kennt an esou de Nico Rosberg, deen zu deem Ament Zweete war, kéint attackéieren.
Op der enger Säit kann ee elo soen, wann s de wëlls Weltmeeschter ginn, da muss de iwwer Läiche goen, an op der anerer Säit ass et awer e bëssen delikat, wann een d'Uweisunge vun de Responsabelen net eescht hëlt. De Lewis Hamilton krut zweemol gesot, datt hien onbedéngt méi séier misst fueren. Déi zweete Kéier souguer vu sengem Technik-Chef, dem Paddy Lowe.
Och de Motorsportchef vu Mercedes, den Toto Wolff, konnt deelweis verstoen, datt een alles probéiert, fir Weltmeeschter ze ginn, den Hamilton wier awer däitlech ze wäit gaangen a muss souguer mat Konsequenze rechnen.
An den englesche Medien ass souguer ze liesen, datt ee bei Mercedes hannert den Diere géif driwwer schwätzen, fir de Kontrakt mam Lewis Hamilton opzeléisen. Datt et wierklech esou wäit kënnt, ass awer éischter onwahrscheinlech.
Egal wéi ass de Nico Rosberg fir déi éischte Kéier a senger Karriär Formel-1-Weltmeeschter, dat mat 5 Punkten Avance op den Hamilton, an huet domat dat selwecht gepackt wéi säi Papp Keke viru 34 Joer. Et ass eréischt déi zweete Kéier, datt souwuel de Papp wéi de Bouf en Titel kënne feieren. Bis elo hate just den Graham an den Damon Hill dat gepackt.