No Weltmeeschtertitel - Nico Rosberg hält op

© AFP
E Sonndeg huet de Mercedes-Pilot Nico Rosberg fir d'éischte Kéier de Weltmeeschtertitel gewonnen. Elo zitt hien e Schlussstréch ënnert seng Karriär.
Et ass wuel eng vun de gréissten Iwwerraschungen aus dem Sportsjoer 2016. Den neien Formel 1 Weltmeeschter Nico Rosberg huet e Freideg op Facebook annoncéiert, dass hie seng Karriär un den Nol hänkt. De Nico Rosberg gouf e Sonndeg fir déi éischten, a méi wéi sécher och leschte Kéier a senger Karriär, Formel 1-Weltmeeschter. Dat war dat grousst d'Zil, wat den Däitschen ëmmer virun Aen hat.
10 Joer ass de Bouf vum Keke Rosberg an der Kinneksklass vum Automobilsport gefuer.
De Nico Rosberg ass mat 100 à l'heure an der Formel 1 gestart. Bei senger éischter Course am Mäerz 2006 ass hien am Bahrain direkt op déi 7. Plaz gefuer an ass dobäi och déi séierste Ronn gefuer.
Et huet allerdéngs nach 2 Joer gedauert bis hie fir d'éischte Kéier um Podium stoung. An zwar als 3. zu Melbourne.
No senge 4 éischte Jore bei Williams wiesselt de Rosberg 2010 bei Mercedes. Säin Equipier gëtt de Michael Schumacher, deen ee Comeback mécht.

© AFP
Déi éischt zwee Joer ware schwéier bei Mercedes. 2012 war et dunn awer esou wäit. No 57 Joer stoung d'Mark mam Stär nees eng Kéier op enger Pole Position vun enger Formel 1-Course. Déi hat de Nico Rosberg realiséiert. Den Dag drop gewënnt hien d'Course zu Shanghai. Als éischte Mercedes-Pilot nom legendären Juan-Manuel Fangio.
An de Joren 2014 an 2015 gëtt hien hannert sengem Equipier Lewis Hamilton allkéiers Vize-Weltmeeschter.
Dëst Joer sollt et dunn klappe mat der WM Kroun.
De Nico Rosberg huet a senger Karriär 23 Coursen an der Formel 1 gewonnen. Elleng 9 dës Saison.
Mat 31 Joer deet hien elo de Formel 1 Casque aus.
E Comeback huet den Nico Rosberg ausgeschloss. Hie wëllt elo mol an nächster Zäit voll a ganz fir seng Famill do sinn.