Formel 1Audi huet den Numm an de Logo vun der neier Ecurie bekannt ginn
Audi Revolut F1, sou heescht déi nei Ecurie, déi vun 2026 un an der Formel 1 ënnerwee ass
Verëffentlecht: 15.12.25 13:32, Update: 15.12.25 13:38
Nieft dem Numm huet Audi dann och de Logo dëse Méindeg verëffentlecht.
Wéi den Design vum Auto wäert ausgesinn, dofir muss ee sech nach e bësse gedëllegen. Den 20. Januar 2026 gëtt den Auto zu Berlin presentéiert.
Audi Revolut F1 - Pressecommuniqué 15122025