De Mexikaner Sergio Pérez hat d’Éier um Circuit vu Silverstone déi éischt Kilometer mam neie Cadillac ze dréinen. Den Ex-Red-Bull-Pilot trëtt 2026 zesumme mam Valtteri Bottas fir d’US-Ecurie un. De Shakedown ass e renge Funktiounstest. Erlaabt sinn nëmmen 200 Kilometer op spezielle Pirelli-Pneuen. Den Auto war nach net lackéiert, an et ass dovunner auszegoen, dass och d’Aerodynamik nach net um leschte Stand war.
Cadillac huet deen historesche Moment an engem Video festgehalen:
Dat sinn iwwregens déi alleréischte Biller vun engem F1-Auto Joergang 2026 beim Fueren. Dëst Joer gi jo nei technesch Reegelen agefouert, mat enger aktiver Aerodynamik an enger komplett neier Powerunit. Et bleift zwar bei 6-Zylinder-Motoren, mee d’MGU-H verschwënnt. Wéi een um Videomaterial vu Cadillac héiert, schéint dat der Akustik net geschuet ze hunn. Déi nei Ferrari-Power-Unit mécht erëm méi Kaméidi ewéi an der Vergaangenheet.
Weider Detailer wéi beispillsweis den Numm vum Auto goufen nach net verroden. Och d’Lackéierung soll eréischt den 8. Februar mat engem Pub-Spot wärend dem Superbowl verrode ginn.