445.000 Euro huet d'Maria Cristina Notarangelo e Mëttwoch den Owend beim Piccobello gewonnen. Hir Schwëster, d'Manuela Mendes, hat viru ville Joren och schonn emol dierfen um Rad dréien. Deemools nach beim Felix Eischen. Eng Millioun Lëtzebuerger Frang waren de Gewënn. Dat war 1998. Gären erënnert d'Manuela Mendes sech un deen Ament zréck: "Un d'Späizmännercher kann ech mech gutt erënneren." En Appartement huet si sech deemools mat de Sue kaaft. "Et ass zwar net duergaangen. Et war awer e gudden Ufank", erzielt si dem Pierre Weimerskirch hire Succès vu viru bal 30 Joer. "Leider ass vun där Millioun Frang näischt méi iwwreg. D'Appartement steet awer nach", sou d'Manuela Mendes.
Allkéiers, wa si duerno nees e Piccobello-Lous kaaft hätt, hätt si sech un hire Gewënn vun 1998 erënnert. "Et si ganz flott Erënnerungen. An och an deem Sënn war ech ëmmer frou, engem anere kënnen e Billjee ze schenken. Sou och menger Schwëster fir Chrëschtdag. Natierlech wousst ech net, wat dobäi géif erauskommen."
D'Schwëster vum Manuela, d'Maria Cristina, huet beim Raoul Roos um Rad gedréit an um Enn den Jackpot geknackt. 445.000 Euro Gewënn hëlt si mat Heem. "Den Ament kann ech et nach net esou richteg realiséieren", sot si no der Emissioun um Mikro vum Pierre Weimerskirch. Reesen, der Famill a Frënn eng Freed maachen. D'Cristina weess, wat mat de Sue maachen.
Nach zwee Joer geet d'Maria Cristina schaffen. Dat soll trotz Gewënn och esou bleiwen. Wat d'Reese betrëfft, sollen déi an Europa iwwert d'Bün goen. "Keng Weltrees. Dat passt net bei mech."
D'Zuel 13 ass fir d'Maria Cristina Notarangelo nach ëmmer eng Gléckszuel gewiescht. "Ech sinn den 13. op d'Welt komm. Dat war awer kuerz virun Hallefnuecht. Dowéinst hu se den 13. als Gebuertsdatum net opgeschriwwen, mee de 14. A bestuet gouf ech och den 13. Dowéinst ass d'Zuel 13 eng Gléckszuel fir mech."