
E Sonndeg geet de Max Verstappen op Red Bull vun der Pole Position an d'Course. Déi leschte Pole vu Red Bull zu Singapur war 2013 fir de Sebastian Vettel. Singapur ass eigentlech keng Course fir de Red Bull Auto. An awer huet de Max Verstappen e Samschdeg säi Kennen ënner Beweis gestalt a feiert seng perséinlechst 50. Pole a senger Karriär.
Hannendrun fueren mam Charles Leclerc a Lewis Hamilton déi zwee Ferrari-Piloten op d'Plazen 2 an 3.
Mercedes huet dogéint enttäuscht. Souwuel de George Russell wéi och den Andrea Kimi Antonelli hunn de Sprong ënnert Top 3 net gepackt. De WM-Leader Antonelli geet e Sonndeg vun der 4. Positioun an d'Course iwwerdeems de George Russell vun der 6. Positioun un de Start geet. Tëscht deenen zwee Mercedes-Pilote klasséiert sech de Lando Norris op der 5. Plaz.
Well de Sprint zu Singapur, deen de Max Verstappen virum Lewis Hamilton a Charles Leclerc gewonnen huet, wéinst dem Reen e Samschdeg eng hallef Stonn méi spéit ugefaangen huet, gouf och d’Qualifikatioun ëm eng hallef Stonn no hanne verluecht.
De Qualifying konnt dunn awer bei dreschenen Konditiounen gefuer ginn. Trotz allen ass den Esteban Ocon direkt als 1. Fuerer op der Streck an der Kéier 13 an d'Mauer gefuer. Den Haas-Pilot konnt awer weider fueren. De Isack Hadjar op Red Bull sollt wéinst engem Defekt um Auto keng Zäit gefuer kréien. Séierste war de Lewis Hamilton virum Charles Leclerc. Net an de Q2 hunn et de Fernando Alonso (Aston Martin), Alex Albon (Williams), de Lance Stroll um zweeten Aston Martin, déi zwee Cadillac-Pilote Sergio Perez a Valtteri Bottas an de Isack Hadjar gepakt.
Am Q2 sollt sech un der Spëtzt näischt änneren. Och hei war de Lewis Hamilton dee Séiersten, virum Sprint-Gewënner Max Verstappen an dem Lando Norris. Kuerz viru Schluss huet de Pierre Gasly de Sprong an d'Top 10 gepackt, an domatt den Nico Hülkenberg op déi ondanbar 11. Plaz gerutscht ass. Nieft dem Däitschen war och fir déi zwee Haas-Piloten Oliver Bearman a Esteban Ocon Schluss. Out waren och de Carlos Sainz op Williams, den Audi-Pilot Gabriel Bortoleto an de Franco Colapinto (Alpine).
Am Q3 hat de Lewis Hamilton dunn awer keng Chance méi géint de Max Verstappen, deen déi schnellsten Zäit op den Asphalt gezaubert huet. De Lewis Hamilton klasséiert sech um Enn hannert dem Charles Leclerc um zweete Ferrari op der 3. Plaz. Déi weider Plaazen sinn fir den Kimi Antonelli, Lando Norris, George Russell, Oscar Piastri (McLaren), Pierre Gasly (Alpine) an déi zwee Racing Bulls Liam Lawson a Arvid Lindblad.