
Am 6. an domat leschte Sprint vun der Saison um Marina Bay Street Circuit zu Singapur konnt de Max Verstappen sech e Samschden d'Victoire sécheren. No 21 Tier huet de Polesetter am Red Bull sech virun deenen zwee Ferrari-Pilote Lewis Hamilton a Charles Leclerc duerchgesat. Plaz 4 war fir de Kimi Antonelli op Mercedes. Et ass dem Verstappen seng éischt Sprint-Victoire zanter Austin 2025 an éischt Victoire um Circuit vu Singapur.
Fir den George Russell war de Sprint duerch e Crash schonn no engem Tour eriwwer. No engem Accident tëscht deenen zwee McLaren-Piloten Piastri an Norris am leschten Tour konnt och de Piastri de Sprint net op en Enn fueren, wärend den Norris op Plaz 8 zréckgefall ass.
Am WM-Klassement iwwerhëlt de Verstappen mat dësen 8 Punkten den Norris a klëmmt op Plaz 5. Duerch den Out vum Russell huet de Leader Kimi Antonelli elo eng Avance vun 89 Punkten op säi Coequipier, dee weider op Plaz 2 läit. Fréistens an zwou Wochen zu Austin kéint den Italieener deemno scho Weltmeeschter ginn.
Duerch staarke Reen war virun allem am éischte Secteur vum Stad-Circuit vill Waasser op der Streck, wouduerch de Start vum Sprint gutt 30 Minutten no hanne geréckelt ginn ass. Aner Deeler vum Circuit waren awer dréchen, soudass all d'Pilote mat Intermediates-Pneuen un den Depart gaange sinn.
Nodeems de Max Verstappen sech e Freideg d'Pole virum George Russell geséchert hat, hat de Britt e Samschdeg de bessere Start erwëscht a konnt sech direkt un d'Spëtzt setzen. De Lewis Hamilton konnt beim Depart souguer vu Plaz 6 op Plaz 3 sprangen.
Schonn um Enn vum 1. Tour huet de Russell awer dunn d'Traktioun verluer an ass gecrasht. Domat war de Verstappen nees Éischten, dat virun de Ferrari-Piloten Hamilton a Leclerc. Hannendrun hat sech näischt un der Reiefolleg geännert, soudass d'McLaren-Coequipiere Piastri an Norris virum WM-Leader Antonelli (Mercedes) bliwwe sinn.
Wéinst technesche Problemer hunn den Hadjar (Red Bull) an de Colapinto (Alpine) den Auto fréi mussen ofstellen, an no engem Accident konnten och de Perez (Cadillac) an de Stroll (Aston Martin) net méi weiderfueren. Schonn no 5 Ronnen waren deemno 5 Piloten ausgefall. Nom Enn vum Safety Car am 6. Tour war et kuerz drop den Out fir Bortoleto (Audi) a Bottas (Cadillac). Domat ware just nach 15 Piloten an der Course.
An der Suite konnt de véierfache Weltmeeschter sech vir eng confortabel Avance erausfueren. Och dem Hamilton war déi 2. Plaz net méi ze huelen, säi Coequipier Leclerc hat an de leschte Ronnen duerch déi zwee McLaren hannendrun dogéint méi Problemer. Am leschten Tour huet den Norris awer de Piastri attackéiert an touchéiert, woumat et den Out fir den Australier war. Den Norris ass iwwerdeems op Plaz 8 zréckgefall a konnt wéinstens nach ee Punkt mathuelen. Profitéiert huet den Antonelli, dee sech domat als 4. klasséiert. Hannendru sinn nach de Lawson (Racing Bulls), de Bearman (Haas) an den Hülkenberg (Audi) an d'Punkte gefuer.
No der éischter Pole konnt de Verstappen sech also elo och iwwert seng éischt kleng Victoire zu Singapur freeën. Et ass och seng 14. Sprint-Victoire, woumat hie säi Rekord weider ausbaut.
E Samschdeg de Mëtteg kënnt Dir de Qualifying fir d'Course e Sonndeg live op RTL ZWEE an RTL Play kucken. Den Depart sollt ursprénglech um 15:00 Auer sinn, wéinst dem Retard vum Sprint kéint deen awer nach no hanne geréckelt ginn. Den Ament gouf dat nach net offiziell confirméiert.