Formel 1Esteban Ocon 2027 net méi bei Team Haas

Tom Nols
Um Enn vun der aktueller Saison wäert dem Fransous säi Kontrakt bei der Ecurie Haas auslafen an net verlängert ginn.
Den Esteban Ocon muss sech no aneren Alternativen ëmkucken.
Den Esteban Ocon muss sech no aneren Alternativen ëmkucken.
© AKHIL PUTHIYEDATH/NurPhoto via AFP

Team Haas an den Esteban Ocon ginn um Enn vun der aktueller Formel-1-Saison getrennte Weeër. Dat huet d'Ecurie e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué matgedeelt. Den Teamchef Ayao Komatsu huet dem Fransous dora Merci gesot fir seng Aarbecht, déi hien dëst an d'lescht Joer fir d'Team geleescht huet.

Den 30 Joer alen Esteban Ocon war 2025 bei Haas komm an ass bis elo 39 Coursse fir si gefuer. Wéi hien an engem eegene Statement matgedeelt huet, wäert hien de Kapp héich halen an houfreg op seng Performancen zréckkucken, déi aus verschiddene Grënn net ëmmer an engem einfachen Ëmfeld zustane komm sinn. Scho wärend dem leschte F1-Weekend zu Baku hat hie sech als "Free Agent" bezeechent.

Dem Ocon säi Fokus läit aktuell just op der nächster Course. Hie wéilt weider haart schaffe mat sengem Team a géif bis zum Enn vun der Saison alles ginn. De Fransous wier weider motivéiert an hongreg. Et wier absolut net d'Enn vu senger Karriär an der Formel 1, sou den Esteban Ocon weider.

Wien d'nächst Joer am Ocon senger Plaz Teamkolleeg vum Oliver Bearman bei Haas wäert ginn, ass nach net gewosst. Fräi Plaze fir de franséische Pilot si rar geséint. Just d'Kontrakter vun den zwee Racing Bulls Piloten Arvid Lindblad a Liam Lawson si fir d'nächst Saison nach net confirméiert ginn. All déi aner F1-Cockpitte si besat. Den Ocon geet zanter 2016 an der Formel 1 un den Depart. Héichpunkt vu senger Karriär war 2021 d'Victoire an Ungarn fir Alpine.

Kaum nach e Cockpit fräi fir d'Saison 2027.
Kaum nach e Cockpit fräi fir d'Saison 2027.
© RTL Grafik

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO