De Grond dofir si staark Reeschaueren, zum Deel mat Blëtzer, déi fir de spéiden Nomëtteg ronderëm déi ursprénglech geplangte Startzäit annoncéiert sinn. Mat dëser Decisioun wëllen d'Responsabel méiglech Stéierunge fir d'Course op e Minimum reduzéieren an e méi grousst Zäitfënster schafen, fir de Grand Prix ënner optimale Konditiounen iwwer d'Bün ze kréien.
D’Stewards kréien awer d'Méiglechkeet d'Course zu all Moment ze ënnerbriechen, wann eng konkret Blëtzgefor ronderëm de Circuit besteet. Falls dëst Zenario antrëfft, mussen all d'Persoune sech direkt op eng sécher Plaz zeréckzéien.
Wisou ass dat esou? Lokal Sécherheetsstandarde verflichten d'Organisateuren, den Event ze stoppen, soubal eng imminent Gefor duerch Blëtzer besteet. Eng Reegel, un déi och d'FIA gebonnen ass. De juristesche Kader dofir ass déi sougenannt "30/30-Reegel", déi an den US-Sportverbänn fest verankert ass. Wann tëscht engem Blëtz an dem Donner 30 Sekonnen oder manner leien, gëtt d'Donnerwieder op eng Distanz vun 10 bis 13 Kilometer geschat. An deem Fall mussen all Aktivitéiten am Fräien direkt ënnerbrach ginn.