Fréiere Formel-1-Pilot a paralympesche SportlerAlessandro Zanardi am Alter vun 59 Joer gestuerwen

Bakir Demic
D'Sportwelt trauert ëm den Alessandro Zanardi. An de soziale Reseauen huet seng Famill den Doud vum véierfache paralympesche Goldmedaile-Gewënner matgedeelt.
© NurPhoto via AFP

Wéi et vun der Famill heescht, wier den Alessandro Zanardi am enkste Krees friddlech ageschlof. Zu de geneeën Doudesëmstänn ass näischt gewosst.

Den Italieener war an den 90er Jore bei insgesamt 41 Grand-Prixen an der Formel 1 matgefuer, donieft och an der US-amerikanescher Champ-Car-Serie. No esou enger Course hat hien 2001, wéinst engem uergen Accident um Lausitzring, béid Been mussen amputéiert kréien. Trotz sengem Handicap hat den Alessandro "Alex" Zanardi 2005 an engem speziell fir hie preparéierten Auto nees un enger Automobilcourse deelgeholl. Säi Wiessel an de paralympesche Sport koum 2011 wéi hien ugefaangen hat, un Handbike-Courssen deelzehuelen. Bei de Paralympesche Summerspiller 2012 zu London an 2016 zu Rio konnt hie véiermol d'Goldmedail gewannen an 2012 war hien och zum Sportler vum Joer an Italien gewielt ginn.

2020 hat den Zanardi e weidere schwéieren Accident, wéi hie bei enger Handbike-Course vun engem Camion erfaasst gi war. Hien hat annerhalleft Joer mussen am Spidol verbréngen. 2022 war hien dem Doud eng weider Kéier vun der Schëpp gesprongen, nodeems e Feier a senger Villa an Norditalien ausgebrach war. Medezinesch Geräter fir seng Versuergung waren dobäi beschiedegt ginn. Hie war doropshi wärend zwee Méint am Spidol.

Am Fréijoer 2019, ee Joer viru sengem zweete schwéieren Accident, huet eng RTL-Ekipp den Alex Zanardi bei sech doheem begéint.

Back to Top
CIM LOGO