Schwëmmt am oppene MierBockelwal Timmy an der Nordsee fräigesat

RTL Lëtzebuerg
De Bockelwal Timmy, deen zanter Uganks Mäerz an enger Bucht virun der däitscher Ostseeküst festsouz, ass e Samschdeg de Moien an der Nordsee fräigesat ginn.
© PHILIP DULIAN/AFP

Dat mellen ënnerschiddlech däitsch Medien, ma och op engem Livestream vum YouTube-Kanal "News5" ass hien net méi ze gesinn. Och d'Privatinitiativ, déi de Wal mat engem sougenannte "Frachtkahn" a Richtung Nordsee transportéiert huet, huet confirméiert, datt e sech Stand 9 Auer net méi an dësem befënnt.

Vill Leit aus Däitschland an aus der ganzer Welt haten déi lescht Wochen d'Drama ëm de Bockelwal "Timmy" poursuivéiert. Zanter Ufank Mäerz war d'Mamendéier, dat u sech aus dem Atlantik kënnt, virun der däitscher Küst un der Ostsee ënnerwee an ass méi dacks op Sandbänken hänke bliwwen. Och hat hie sech an Netzer verfaangen.

Zanter véier Woche louch hien op engem Zoufloss vun der Bucht vun der Wismar op Grond. E Dënschdeg dann huet sech eng Ekipp ronderëm eng Privatinitiativ mam Wal op de Wee a Richtung Nordsee gemaach, nodeems hien aus eegener Kraaft an eng Barge geschwommen ass. Elo um Samschdeg de Moien, schwëmmt hie wéi gesot an der Nordsee am oppene Mier a soll weider an den Atlantik zéien. Ob hien elo definitiv als gerett gëllt, ass nach net kloer. D'Déier ass mat engem GPS ekipéiert, dat méi prezis Donnéeë liwwere soll.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO