Formel 1Miami-Training verlängert

Serge Pauly
Sprint-Weekend, vill Updates, nei Reegelen: d’Teams an d’Pilote kréien zu Miami 30 Trainingsminutten extra spendéiert.
Ginn d'Kaarten zu Miami nei gemëscht?
Ginn d'Kaarten zu Miami nei gemëscht?
© CHARLY TRIBALLEAU/AFP

Den Zäitplang fir de Grousse Präis vu Miami (Weekend vum 1. bis 3. Mee) ass ugepasst ginn. Den éischte fräien Training um Freideg ass ëm eng hallef Stonn no vir geréckelt ginn an dauert elo 90 Minutten. All déi aner Seancë wäerten onverännert gefuer ginn.

Vill Ecurien hu vun der onfräiwëlleger Paus profitéiert, fir hir Autoen op de Leescht ze huelen. Experte ginn dovunner aus, dass verschidden Teame mat quasi komplett neien Autoen op Miami reesen.

Fir déi sëllegen Updates ze testen, fir sech un déi nei Energiemanagement-Reegelen ze gewinnen, a well et op engem Sprint-Weekend nëmmen een eenzege fräien Training gëtt, ass deen FP1 ëm 30 Minutte verlängert ginn.

RTL Lëtzebuerg iwwerdréit de verlängerte Miami-Training e Freideg, den 1. Mee deemno vun 17h55 bis 19h35 live op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO