23 Joer, 4 Méint an 11 Deeg: Esou jonk war de Sebastian Vettel bei sengem éischte WM-Titel 2010. De Rekord vum jéngsten F1-Weltmeeschter wäert dëst Joer zimmlech sécher gebrach ginn, warscheinlech schonn dëse Weekend. De Kimi Antonelli ass e Sonndeg exakt 20 Joer, 2 Méint a 7 Deeg al. Him geet eng 9. Plaz duer, fir sécher Weltmeeschter ze ginn. Sidd dobäi, wann F1-Geschicht geschriwwe gëtt a suivéiert de FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Tom Hoffmann
Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.
Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Freideg, 30. Oktober 2026: 22h55 – 00h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Samschdeg, 31. Oktober 2026: 18h25 – 19h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Samschdeg, 31. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 21h55
Start vun der Qualifikatioun: 22h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 23h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Sonndeg, 1. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 20h30
Depart vun der Course: 21h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 22h30
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico
6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar
4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi