RTL-Formel-1-Expert Dominique RiefstahlIwwert eege Féiss gefall, aus Angscht ee Pilot ze bevirdeelegen

Franky Hippert
Dat seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl iwwer d'Strategie vu McLaren beim Grousse Präis vum Katar de leschte Sonndeg.
© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

9 vun 10 Ecurië si beim Grousse Präis vum Katar an der Formel 1 ënner Safety Car d’Pneue wiessele gaangen. Just déi zwee éischt am Weltmeeschterschaftsklassement, déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri, net. Um Enn eng fatal Feeldecisioun, an de Max Verstappen op Red Bull konnt als Gewënner weider Punkten op déi Zwee ophuelen. Fir vill Leit war déi Entscheedung vu McLaren, fir dobaussen ze bleiwen, net ze verstoen, dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

Stragedy, sou kann een u sech d’Katar fir McLaren zesummefaassen. Aus lauter Angscht si kéinten ee Pilot bevirdeelegen oder si wéilten net alles fair halen, fir hir zwee Piloten hu se sech esou de Fouss zeréck gestallt, dass se natierlech allebéid driwwer gefall sinn an dem Max Verstappen d’Victoire an d’Hänn geluecht hunn. Deen huet dat natierlech dankend ugeholl, wëll et elo net heeschen, dass en als Favorit zu Abu Dhabi an d’Course geet. De Lando Norris ass ëmmer nach wäit vir. D’Kaarte sinn alleguer nach an der McLaren Faveur an den Hollänner brauch u sech e Wonner, fir kënnen zu Abu Dhabi Weltmeeschter ze ginn. Dat Wonner krut en 2021 schonn eng Kéier an d’Wéi geluecht. Ech wëll elo net soen, dass et op d’selwecht Aart a Weis dëst Joer nach eng Kéier passéiert. An awer wësse mer, alles ass méiglech.”

E Sonndeg ass zu Abu Dhabi déi lescht Course vun der Saison. De Lando Norris huet un der Spëtzt vum Weltmeeschterschaftklassement elo just nach 12 Punkten Avance op de Max Verstappen a 16 op den Oscar Piastri. Showdown ass e Sonndeg de Mëtteg vu 14 Auer u live op RTL Zwee an online op RTL Play. De Virprogramm op der Tëlee fänkt um 13.15 Auer un.

Back to Top
CIM LOGO