Formel 1: Grousse Präis vun Abu DhabiLando Norris ass neie Weltmeeschter
De brittesche McLaren-Pilot huet sech trotz der Dagesvictoire vum Max Verstappen säin éischte WM-Titel an der Formel 1 geséchert.
Formel 1FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 by Jeannot Boesen (7.12.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
E Sonndeg huet de Lando Norris zu Abu Dhabi säin éischte Weltmeeschter-Titel gewonnen. Seng drëtt Plaz an der Course um Yas Marina Circuit ass um Enn duergaangen, fir sech am WM-Klassement un der Spëtzt ze halen. D’Dagesvictoire ass un de Max Verstappen gaangen, dee seng Pole Position ongestéiert verdeedege konnt. Déi zweet Plaz um Podium huet sech den Oscar Piastri geholl.
Am WM-Klassement gëtt de Max Verstappen hannert dem Norris den Zweeten an den Oscar Piastri den Drëtten.
Formel 1FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 by AFP (7.12.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Resumé
Natierlech waren um Depart all d’Aen op déi dräi Piloten un der Spëtzt geriicht, fir déi de WM-Titel rechneresch nach méiglech war. An den éischte puer Kéiere sollt sech un der Konstellatioun och näischt direkt änneren, nëmmen de Charles Leclerc konnt sech vun der fënnefter op déi véiert Positioun setzen. Nach an der éischter Ronn huet de Piastri dann awer seng Chance genotzt an huet säin Teamkolleeg Lando Norris iwwerholl. Dee krut no deem Manöver da weider och Drock am Réck gemaach vum Leclerc op P4. Eng weider Kéier dierft de Britt allerdéngs net iwwerholl ginn, soss wier de Max Verstappen am Fall vun enger Victoire den neie Weltmeeschter. Relativ fréi gouf den Norris da vu senger Ecurie an d’Box geruff, fir seng Pneuen ze wiesselen. Doropshin huet hie sech duerch d’Mëttelfeld vun der Course nees Plaz no Plaz no vir gekämpft.
Méi komplizéiert war de Kampf ëm déi drëtt Plaz mam Yuki Tsunoda, bei deem den Norris de Red-Bull-Pilot iwwerholl huet, dobäi allerdéngs de Circuit kuerz verlooss hat. Dat huet och d’Renndirektioun gesinn, ma no kuerzer Iwwerpréiwung keng Strof verhaangen. Dogéint krut den Tsunoda eng 5-Sekonne-Strof, well en op der Riichter méi wéi ee Mol d’Richtung geännert huet an dowéinst den Norris auswäiche misst. An deene leschte Ronnen ass et dann nach eemol spannend ginn, well den Norris op haarde Pneuen op en Neits vum Charles Leclerc vun hannen ënner Drock gesat gouf, deen op de Medium-Pneuen ënnerwee war. Well dës awer scho relativ ofgenotzt waren, konnt de Leclerc de Réckstand net decisiv méi kleng maachen a sou sollt den Norris seng drëtt Plaz iwwert d’Arrivée bréngen, déi fir säin éischte WM-Titel duergaangen ass. De Max Verstappen louch déi ganz Course iwwer ongestéiert op der 1. Positioun.
Andréck vum Circuit zu Abu Dhabi
Formel 1Qualifying vum FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 (6.12.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Formel 11. Fräien Training vum FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 (5.12.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Formel 12. Fräien Training vum FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 (5.12.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Formel 13. Fräien Training vum FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 (6.12.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Formel 1FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 (4.12.25)
Éischt Fotoe vum Yas Marina Circuit, wou dëse Weekend d'Decisioun wäert falen ëm de Fuerer-Weltmeeschtertitel.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
D’WM-Wäertung