No der F1-FinallMotorsportchef Helmut Marko verléisst Red Bull

Serge Pauly
E Sonndeg huet de Max Verstappen de WM-Titel verluer. Elo verléiert hie säi wichtegsten Uspriechpartner bei Red Bull.
© HECTOR VIVAS/Getty Images via AFP

Déi éischt Rumeure gouf et e Sonndegowend direkt no der Saisonfinall zu Abu Dhabi. Den Dr Helmut Marko wier 2026 net méi Deel vun der Red-Bull-F1-Direktioun. Elo koum déi offiziell Confirmatioun: No zwee Joerzéngten, 417 Courssen, sechs Constructeurs-Titelen an aacht Fuerer-Titele verléisst den Dr Helmut Marko Red Bull.

“Ech sinn elo zënter sechs Joerzéngten am Motorsport aktiv, an déi lescht iwwer 20 Joer bei Red Bull waren eng aussergewéinlech an extrem erfollegräich Rees. Et war eng wonnerbar Zäit, an där ech sou vill talentéiert Leit konnt mat formen. Alles, wat mir zesummen opgebaut an erreecht hunn, erfëllt mech mat Houfert. Datt mir dës Saison d’Weltmeeschterschaft knapp verpasst hunn, huet mech déif getraff a mir kloer gemaach, datt elo de richtege Moment fir mech perséinlech ass, fir dëst ganz laangt, intensiivt an erfollegräicht Kapitel ofzeschléissen. Ech wënschen dem ganze Team weider Succès a sinn iwwerzeegt, datt si d‘nächst Joer erëm ëm béid Weltmeeschterschaftstitel kämpfen”, sou den Dr Helmut Marko.

Den Oliver Mintzlaff, CEO Red Bull GmbH, gëtt weider Erklärungen zum Changement: “Den Helmut ass bei mech komm, mam Wonsch, seng Roll als Motorsportberoder um Enn vum Joer opzehalen. Ech bedauere seng Entscheedung déif, well hie fir méi wéi zwee Joerzéngten eng aflossräich Figur war, a säin Depart markéiert d’Enn vun enger aussergewéinlecher Ära. Iwwer méi wéi 20 Joer huet den Helmut onvergläichlech Verdéngschter fir eis Ekipp an déi ganz Red Bull Motorsportfamill bruet. Hien huet eng entscheedend Roll bei alle wichtege strategeschen Entscheedungen gespillt, déi Red Bull Racing zu deem gemaach hunn, wat et haut ass: eng ganz Rei Weltmeeschtertitelen, e Motor vun der Innovatioun an e Grondstee vum internationale Motorsport.”

Och mat Luef huet de CEO net gespuert: “Säin Instinkt fir aussergewéinlech Talenter huet net nëmmen eise Juniorprogramm geformt, mä huet och en dauerhaften Impakt op d’Formel 1 als Ganzt hannerlooss. Nimm wéi de Sebastian Vettel an de Max Verstappen representéieren déi vill Piloten, déi ënner senger Leedung entdeckt, ënnerstëtzt a bis un d’Spëtzt gefouert goufen. Seng Passioun, säi Courage fir kloer Entscheedungen ze treffen a seng Fäegkeet fir Potenzial ze erkennen, wäerten onvergiesslech bleiwen. No engem laangen an intensive Gespréich wousst ech, datt ech seng Wënsch respektéiere misst, well ech den Androck krut, datt de Moment fir hie richteg ass, fir dëse Schrëtt ze maachen. Och wann säin Depart e grousst Lach hannerléisst, ass eise Respekt fir seng Entscheedung an eis Dankbarkeet fir alles, wat hie fir Red Bull Racing gemaach huet, méi grouss. Den Helmut Marko wäert souwuel perséinlech wéi och berufflech déif vermësst ginn. Mir wënschen him alles Guddes fir d’Zukunft a hoffen, datt hie weiderhin enk a waarm mam Team verbonne bleift.”

Wichtegst Vertrauenspersoun vum Verstappen fort

Domadder verléiert de Max Verstappen seng wichtegst Vertrauenspersoun bei Red Bull, vläicht esouguer an der ganzer Formel 1.

Enn 2014 wollt den Hollänner ee Formel-2-Kontrakt mat Mercedes ënnerschreiwen. Den Helmut Marko huet dem deemools 17 Joer jonke Verstappen fir 2015 awer direkt ee F1-Cockpit ugebueden an huet sech esou dat warscheinlech gréissten Nowuesstalent zënter laangem geséchert. Et war och den Helmut Marko, deen de Verstappen 2016 vum Nowuessteam Toro Rosso (haut Racing Bulls) bei d’Haaptekipp Red Bull transferéiert huet - géint de Wëlle vum Red-Bull-Teamchef Christian Horner.

Wéi wichteg den Helmut Marko fir dem Verstappen säin F1-Engagement ass, huet sech 2024 gewisen, wéi et zu teaminterne Reiwereien tëschent dem Marko an dem RBR-Teamchef Christian Horner koum. Wéi am Raum stoung, dass ee vu béiden d’Ekipp verloosse muss, huet de Verstappen kloer Positioun bezunn. Hie kéint sech net virstellen, ouni den Helmut Marko bei Red Bull ze bleiwen, esou de Verstappen deemools an Interviewen.

Kee Wonner also, dass elo erëm Spekulatioun ronderëm dem Verstappen seng Zukunft bei Red Bull optauchen.

Helmut Marko: Vum Pilot zum Red-Bull-Beroder

Den haut 82 Joer alen Helmut Marko ass fréier selwer Coursse gefuer. Säi gréisste Succès ass sécher d’Victoire bei de 24 Stonne vu LeMans 1971 um legendäre Porsche 917. Duerno huet hien et esouguer bis an d’Formel 1 gepackt. Hien ass 1971/72 néng Grand-Prixe gefuer. Seng aktiv Karriär war awer no engem Accident beim Grousse Präis vu Frankräich 1972 eriwwer. Den Helmut Marko gouf vun engem Steen getraff, deen duerch d’Loft geflunn ass. Dobäi huet hien en A verluer.

An den 80er Joren huet hie seng eegen Ecurie gegrënnt, déi an der DTM a verschiddenen Nowuesskategorien engagéiert war. Donieft war hien als Manager fir vill (éisträichesch) Piloten aktiv. Esou koum och de Kontakt mat Red Bull zustanen, wou hien de grousse Patron Dieter Mateschitz a Saache Motorsport beroden huet. Nodeems Red Bull 2005 d’Jaguar-Team iwwerholl huet, huet den Helmut Marko déi Aktivitéite fir den Dieter Mateschitz iwwerwaacht.

Déi lescht Jore war hie virun allem fir d’Selektioun vun den Nowuesspiloten zoustänneg an hat dobäi de Ruff, kee Pardon ze kennen. Hien huet vill Piloten ënnerstëtzt, mee och grad erëm esou séier aussortéiert, wa se déi erwaarte Leeschtung net bruecht hunn.

Back to Top
CIM LOGO