Grousse Präis vum KatarRed Bull ruddert no Antonelli-Reprochen zeréck

Serge Pauly
Ee klengen Tëschefall um Enn vum Katar-Grand-Prix huet op de sozialen Netzwierker fir Opreegung gesuergt. Elo probéiert Red Bull ze calméieren.
© HECTOR VIVAS/Getty Images via AFP

De Grousse Präis vum Katar war fir McLaren en eenzegen Debakel. No engem kapitale Strategiefeeler huet den Oscar Piastri déi sécher Victoire verluer an de Lando Norris ass esouguer op Plaz 5 zeréckgefall. Schwaachen Trouscht fir den Norris: am zweetleschten Tour huet de Mercedes-Pilot Antonelli ee Feeler gemaach, esou dass den Norris nach eng Plaz no vir koum an d’Avance op de Verstappen an der Tabell vun 10 op 12 Punkten erhéije konnt.

Well dat Manöver op den TV-Biller net ze gesi war, ass ee bei Red Bull dovunner ausgaangen, dass Mercedes an Antonelli déi Plaz fräiwëlleg hierginn hätten, fir hirem Client McLaren e bëssen ze hëllefen. Ouni d’Biller gesinn ze hunn, huet de Verstappen-Renningenieur um Funk gesot, dass den Antonelli op d’Säit gefuer wier, fir den Norris express laanscht ze loossen. Och de Red-Bull-Motorsportchef Helmut Marko huet sech an den Interviewen no der Course änlech geäussert.

Do hat déi international TV-Regie awer déi entspriechend Situatioun schonn als Widderhuelung gewisen. Effektiv huet de Kimi Antonelli ee Feeler an der Kéier 10 gemaach, vun deem de Lando Norris profitéiere konnt.

Trotzdeem goufen d’Mercedes-Ecurie an hire jonke Pilot op de soziale Reseaue schaarf attackéiert. Esou schaarf, dass Red Bull um Dag no der Course e Statement verëffentlech huet. Déi eegen Aussoen nom Katar-Grand-Prix wieren offensichtlech falsch gewiescht. Red Bull bedauert, dass den Antonelli doduerch online attackéiert gi wier.

© Red Bull Racing

Back to Top
CIM LOGO