
Mam Lando Norris (McLaren), Max Verstappen (Red Bull), an Oscar Piastri (McLaren) kommen nach dräi Piloten a Fro, fir d‘WM-Kroun opzedoen. Den Norris (408 Punkten) huet 12 Punkten Avance op de Verstappen (396 Punkten) a 16 op de Piastri (392).
Fir d‘lescht, datt sech dräi Piloten an der leschter Course ëm de Weltmeeschtertitel gestridden hunn, war 2010. Deemools waren dat de Fernando Alonso (Ferrari), de Mark Webber (Red Bull) an de Sebastian Vettel (Red Bull). De Vettel war virun Abu Dhabi deen Drëtten, konnt awer um Enn säin éischte WM-Titel feieren.
Ee méiglechen Zenario fir déi dräi concernéiert Piloten dëse Sonndeg zu Abu Dhabi
De Lando Norris ass Weltmeeschter wann…
De Max Verstappen ass Weltmeeschter wann…
Den Oscar Piastri ass Weltmeeschter wann…
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an um RTL Play
Samschdeg, 6. Dezember 2025: 11h25 – 12h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an um RTL Play
Samschdeg, 6. Dezember 2025:
Ufank vun der Emissioun: 14h55
Start vun der Qualifikatioun: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h10
Commentaire: Franky Hippert an Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an um RTL Play
Sonndeg, 7. Dezember 2025:
Ufank vun der Emissioun: 13h15
Depart vun der Course: 14h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h45
Commentaire: Franky Hippert a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl