Formel 1Max Verstappen mat éischter Victoire zu Singapur

RTL Lëtzebuerg
Den Hollänner stoung mam Leclerc an dem Antonelli um Podium. D'Course gouf eréischt um Enn spannend, wéi d'Pneue vu verschiddene Piloten ofgebaut hunn.
De Max Verstappen feiert am zéngten Ulaf seng éischt GP-Victoire zu Singapur.
© LILLIAN SUWANRUMPHA/AFP

De Max Verstappen stoung bei sengem 250. Grand-Prix eréischt déi éischt Kéier ganz uewen um Podium zu Singapur. Ausserdeem konnt hie sech déi zwou Pole-Positions an d'Victoire am Sprint sécheren. Domat ass de Singapur-Fluch endlech opgehuewen; an dat trotz Funkproblemer.

De Charles Leclerc huet sech déi zweet Plaz geséchert. De Kimi Antonelli koum als Drëtten un. De Lewis Hamilton huet an de leschte Ronnen dräi Plazen un den Antonelli a béid McLaren-Pilote verluer. Hie gouf mat ale Soft-Pneuen nach Sechsten.

Den George Russell goung als 18. an d'Course a koum als Néngten un. Beim Britt war virum Weekend de Motor gewiesselt ginn, firwat et eng Strof gouf. Hie verléiert domat wichteg Punkten am Kampf ëm de WM-Titel. De Kimi Antonelli huet beim Grand-Prix zu Austin an zwou Wochen e Matchball, fir säin éischte Meeschtertitel perfekt ze maachen.

Resumé vun der Course

Et war eng Start-Zil-Victoire fir de Max Verstappen. Den Hollänner goung vun der Pole Position an d'Course a konnt béid Ferrari no den éischte Kéieren hannert sech halen. Am Géigesaz zum Sprint e Samschdeg war de Circuit déi ganz Course iwwer dréchen.

Et war laang eng Course ouni grouss Opreegungen an Highlights. De Verstappen konnt sech am zweete Véierel vun der Course lues a lues vum Leclerc ofsetzen. D'Mercedes- a Ferrari-Piloten hate fréi gestoppt, den Hollänner eréischt an der 33. Ronn. Et soll säin eenzege Boxestopp sinn.

Den Out vum Lance Stroll an der 39. Ronn huet zu enger kuerzer Safety-Car-Phas geféiert, vun där de Leclerc, den Antonelli an de Russell profitéiert hunn, fir nei Pneue sichen ze goen. Den Hamilton hat sech anescht decidéiert, wat him um Enn zum Verhängnis gouf. De Verstappen hat duerno eng komfortabel Avance vu maximal 10 Sekonnen op de Leclerc.

Den Antonelli war an der 49. Ronn eigentlech ze dacks iwwer d'Streckebegrenzung gefuer, krut awer offiziell keng 5-Sekonne-Strof ausgeschwat.

Beim Verstappen gouf et Problemer mam Funk, soudass hien déi lescht 15 Ronnen net méi mat senger Ekipp kommunizéiere konnt. Seng Pneuen hunn an där Phas ofgebaut an de Leclerc konnt ëmmer méi Zäit guttmaachen. Et goung awer net duer, fir geféierlech no ze kommen.

Den Hamilton hat mat sengen ale Soft-Pneuen (schonn Ronn 19 gestoppt) keng Chance géint d'Attacke vun Antonelli, Norris a Piastri.Den Antonelli huet de Rekordweltmeeschter an der 55. Ronn iwwerholl, eng Ronn méi spéit den Norris an de Piastri huet et zwou Ronne viru Schluss gepackt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 Kalenner Saison 2026
Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.

FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO