Comeback no 11 JoerDe Ronaldinho spillt fir Ravenna an Italien

Tom Nols
An der drëtter italieenescher Liga gëtt de 46 Joer ale Brasilianer en iwwerraschende Comeback.
De Ronaldinho bei der Presentatioun vu sengem neien Tricot.
De Ronaldinho bei der Presentatioun vu sengem neien Tricot.
© STEFANO RELLANDINI/AFP

11 Joer nom Enn vu senger Profikarriär wäert de Ronaldinho e Sonndeg fir Ravenna an der drëtter italieenescher Liga oplafen. De 46 Joer ale Brasilianer hat 2015, no senger Saison bei Fluminese, d'Schong eigentlech un den Nol gehaangen.

Fir den Derby géint Forli sinn am Stadio Bruno Benelli alle 5.000 Plazen ausverkaaft. Et ass extra eng temporär Tribün, vum passenden Numm R10, opgeriicht ginn, op där 1.800 Fans Plaz fannen.

Ravenna ass mam Zil an d'Saison gaangen, opzesteigen. Ultimativ wéilt een an d'Serie A. An der Serie C leien se aktuell mat sechs Punkte Retard op Plaz 2 vun der Tabell.

De Ronaldinho huet a senger Karriär de Ballon d'Or gewonnen, war zweemol FIFA-Weltfuttballspiller, brasilianeschen an spuenesche Champion, en huet d'Copa Libertadores, d'Copa America, de Confed Cup an d'Champions League gewonnen. 2002 war hie mat Brasilien Futtball-Weltmeeschter ginn.

Back to Top
CIM LOGO