5. Spilldag an der Nations LeagueHolland iwwerrennt Griicheland 7:0, Schwäiz a Slowakei stinn als Gruppenéischte fest

Steven Milbert
Um Freideg stoung déi zweet Rëtsch u Matcher vum 5. Spilldag an der Nations League um Programm. Ënner anerem waren Holland an Däitschland am Asaz.
Virun eegenem Public hunn d'Hollänner d'Gäscht aus Griicheland mat 7:0 iwwerrannt.
Virun eegenem Public hunn d'Hollänner d'Gäscht aus Griicheland mat 7:0 iwwerrannt.
© Koen van Weel / AFP

Am Futtball stoung e Freideg den Owend d'Suite vum 5. Spilldag an der Nations League um Programm. Fir dat däitlechst Resultat vum Owend huet Holland mat engem 7:0 géint Griicheland gesuergt, wärend Däitschland sech mat 3:1 a Serbien duerchsetze konnt. Donieft sinn awer och weider Decisioune gefall: D'Schwäiz an d'Slowakei hu sech déi éischte Plaz an hire jeeweilege Gruppe geséchert a steigen domadder eng Liga op. An der Liga D hunn iwwerdeems Malta an den Aserbaidschan den Opstig an d'Liga C perfekt gemaach.

Liga A

De Resumé vun de Matcher an der Liga A
Holland deklasséiert Griicheland mat 7:0, Däitschland gewënnt géint Serbien.

Fir e grousst Ausruffzeechen hunn e Freideg d'Hollänner gesuergt, déi sech mat 7:0 géint Griicheland behaapte konnten. D'Oranje hat de Match dobäi schonns an der éischter Hallschent fir hir Gonschten entscheet a louch zur Paus schonns mat 5:0 a Féierung. Besonnesch den Tijjani Reijnders konnt dobäi mat dräi Goler iwwerzeegen. De Summerville, den Timber an de Malen hunn iwwerdeems déi aner Goler markéiert. Holland bleift domadder virum leschte Spilldag un der Tabellespëtzt, definitiv entscheet ass de Kampf ëm déi éischt Plaz hei awer nach net.

Dëst well Däitschland sech mat 3:1 a Serbien duerchgesat huet. D'Gäscht hunn dobäi vun engem Eegegol vum Babić profitéiert, ier de Wirtz an de Gruda op 3:0 erhéicht hunn. De Babić konnt fir Serbien zwar nach eng Kéier verkierzen a säi Feeler vum Ufank dobäi guttmaachen, mä un der däitscher Victoire sollt dat näischt méi änneren. Serbien steet domadder definitiv als Tabelleleschten am Grupp fest a muss aus der Liga A ofsteigen. Holland, Däitschland a Griicheland kämpfen dogéint um leschte Spilldag nach ëm déi zwou éischt Plazen.

Liga B

De Resumé vun de Matcher an der Liga B
Schottland behaapt sech géint Nordmazedonien, Schwäiz steet no Remis als Gruppenéischte fest.

Schottland huet sech doheem mat 2:1 géint Nordmazedonien behaapt. No enger éischter Hallschent ouni Goler huet de John McGinn d'Schotten a Féierung bruecht, ma den Elmin Rastoder konnt nëmme kuerz drop fir seng Faarwen ausgläichen. An der 74. Minutt huet de McGinn du per Eelefmeter säin zweete Gol markéiert an esou fir déi dräi Punkte gesuergt. Schottland hält sech domadder sécher an der Liga B, wärend Nordmazedonien definitiv an d’Liga C ofsteigt.

Tëscht Slowenien an der Schwäiz ass iwwerdeems kee Gol gefall. Den 0:0 geet de Schwäizer awer duer, fir eng éischt wichteg Decisioun ze feieren: Mat 13 Punkten ass d'Nati definitiv Gruppegewënner a steigt an d'Liga A op. Hannendru kämpfe Slowenien a Schottland um leschte Spilldag nach ëm déi zweete Plaz.

Liga C

De Resumé vun de Matcher an der Liga C
Moldawien setzt sech géint Kasachstan duerch, kee Gewënner tëscht der Slowakei an de Färöer.

Moldawien huet sech e Freidegowend mat 2:1 géint Kasachstan duerchgesat. Kuerz virun der Paus huet de Popescu d'Haushären a Féierung bruecht, ma direkt nom Säitewiessel konnt de Chesnokov fir d'Gäscht aus dem Kasachstan egaliséieren. An der 77. Minutt war et dunn nees de Popescu, dee mat sengem zweete Gol fir d'Decisioun gesuergt huet. Moldawien séchert sech esou dräi Punkten a klëmmt domadder op déi zweete Plaz am Grupp, wougéint Kasachstan mat nëmmen zwee Punkten op der leschter Plaz bleift.

D'Slowakei an d'Färöer Inselen hu sech an engem ënnerhalsame Match mat 2:2 getrennt. De Prekop huet d'Slowaken an der 17. Minutt per Kapp a Féierung bruecht, ma de Viljormur Davidsen konnt just 13 Minutte méi spéit per Eelefmeter ausgläichen. Direkt nom Säitewiessel hunn d'Gäscht d'Partie esouguer gedréint, wéi de Samuelsen an der 47. Minutt den 2:1 markéiert huet. D'Slowakei huet sech awer zeréckgekämpft a koum an der 74. Minutt duerch de Haraslín nach zum 2:2-Ausgläich. Trotz dem Remis steet d'Slowakei als Gruppenéischte fest a klëmmt an d'Liga B op.

Liga D

De Resumé vun de Matcher an der Liga D
Aserbaidschan wënnt knapps géint Liechtenstein, Gibraltar zitt géint Andorra de Kierzeren.

Andorra huet sech mat 2:0 géint Gibraltar duerchgesat. De Guillaume López an den Albert Rosas hunn déi zwee Goler schonns an der éischter Hallschent markéiert. D'Resultat huet och eng direkt Konsequenz fir de Grupp: Malta kann net méi vun der éischter Plaz verdrängt ginn a steet domadder als Gruppenéischte souwéi Opsteiger an d'Liga C fest.

An och am Grupp D2 sinn e Freideg Decisioune gefall. Aserbaidschan huet sech mat 1:0 a Liechtenstein duerchgesat a schléisst seng Gruppephas domadder mat aacht Punkten of. Well Litauen am leschte Match maximal nach op siwe Punkte komme kann, ass Aserbaidschan definitiv Gruppenéischten a steigt an d'Liga C op, wougéint Liechtenstein sécher op der leschter Plaz bleiwe wäert.


D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

D'Tabelle vun der Nations League

Back to Top
CIM LOGO