Am Dezember 2022 gouf Argentinien am Katar fir déi drëtte Kéier zum Weltmeeschter gekréint. Och knapp véier Joer duerno huet sech bei der "Albiceleste" net all ze vill verännert. Ganzer 17 Weltmeeschter wäerten am Grupp J géint Algerien, Jordanien an Éisträich untrieden.
De leschten Danz op der WM-Bün gëtt et fir de Lionel Messi. De Leader a Kapitän huet sech an deene leschte Wochen a Méint an der US-amerikanescher MLS an Toppform gewisen a féiert och dëst Joer nees net ouni Grond ee vun de Favoritte vun dësem Turnéier un.
Am Gol wäert op en Neits den Emiliano Martinez stoen, deen um leschten Turnéier virun allem am Eelefmeterschéissen an och op der Linn seng Qualitéite gewisen huet. Virun him wäert hien da mam Lisandro Martinez a Cristian Romero och nees op zwee staark Defenseure vertraue kënnen. Och den 38 Joer ale Routinier Nicolas Otamendi, fir deen et och déi lescht WM wäert sinn, ass eng Optioun.
Am Mëttelfeld gëtt et dann eng relativ gutt Mëschung aus erfuerene Spiller wéi dem Rodrigo De Paul, Alexis Mac Allister, Enzo Fernandes oder och engem Leandro Paredes, an op där anerer Säit jonken Talenter, wéi dem Thiago Almada oder Nico Paz.
Déi gréisst Qualitéit kënnt awer dann am Stuerm. Nieft dem villfache Weltfuttballer Lionel Messi wäerten de Julian Alvarez vun Atlético Madrid an och de Lautaro Martinez, den Top-Scorer vun der Copa America 2024, fir Gefor suergen.
Fir den Optakt geet et fir Argentinien géint Algerien (17.06.) an duerno nach géint Éisträich (22.06.) a Jordanien (28.06.).