
Nieft dem Jürgen Klopp gehéieren och seng laangjäreg Assistente Peter Krawietz a Pepijn Lijnders, souwéi de fréieren Dortmund-Spiller Sven Bender zum Trainerteam. Nei dobäi ass de Per Mertesacker, deen neie Geschäftsféierer vum DFB gëtt.
Dem Klopp seng éischt Matcher als Nationaltrainer stinn Enn September um Programm. Den Ufank mécht den Auswäertsmatch géint Holland, duerno geet et géint Griicheland a Serbien.
De Kontrakt vum Jürgen Klopp leeft bis de Summer 2030 an trëtt de 15. August a Kraaft. Dat huet den DFB-President Bernd Neuendorf um Freideg matgedeelt.
"Et ass eng Éier fir mech", sou de Klopp.
De Jürgen Klopp huet awer och eng kloer Fuerderung un d'Medien gestallt. Seng Famill soll aus den Nouvellen erausgehale ginn. Sollt dat net respektéiert ginn, géif hien d'Mandat als Bundestrainer direkt néierleeën.