
Nodeems en Dënschdegowend schonns déi Biisser géint den ungaresche Champion Györi am Asaz waren an dës sech do hu kloer misse geschloe ginn, wollten et déi Stroossener en Donneschdeg géint Partizan Belgrad besser maachen. Esou wollten déi Stroossener dem serbesche Favorit am Allersmatch e Been stellen, fir datt een eventuell am Réckmatch d'Iwwerraschung perfekt hätt maache kënnen.
Dëst sollt der UNA vu Stroossen allerdéngs net geléngen. An engem chancenaarme Match, deen de Favorit aus Serbien vun Ufank un dominéiert a geréiert huet, muss sech Stroossen um Enn mat 0:4 géint Partizan Belgrad geschloe ginn. Partizan huet vun Ufank un den Toun am Match uginn an zu kengem Ament Zweifel opkomme gelooss, datt si den Owend net als Vainqueur vum Terrain goe wäerten. Deemno ass d'Ausgangslag fir déi Stroossener denkbar schlecht. Esou muss d'UNA de Réckmatch an enger Woch mat enger Differenz vu fënnef Goler gewannen, fir an den drëtten Tour vun der Conference-League-Quali anzéien ze kënnen.
1:0 Kojzek (4'), 2:0 Ibrahim (28'), 3:0 Ibrahim (68'), 4:0 Ugresić (80')
Déi Stroossener si villverspriechend an de Match gestart, sinn d'Männer vu Belgrad fréi stéiere gaangen an hu mat vill Selbstvertrauen opgespillt. Esou konnte sech déi Stroossener och schonns an der drëtter Minutt eng gutt Occasioun erausspillen: No engem séiere Spillzuch ass den zweete Ball beim Myre gelant, dee sech aus dem Réckraum en Häerz gefaasst an direkt ofgezunn huet. Säi sate Schoss konnt allerdéngs deviéiert ginn. D'Hoffnung op Stroossener Säit war also grouss, fir de Favorit aus Serbien den Owend iergeren ze kënnen. Allerdéngs ass dës Hoffnung eng Minutt no der éischter Chance vun der UNA scho gestuerwen. Eng Flank vun der rietser Säit ass beim Ibrahim gelant, deen dovu profitéiere konnt, datt déi Stroossener op Abseits gespillt hunn an deementspriechend rausgeréckelt waren. Deemno hat de Spiller vu Partizan genuch Zäit, fir de Ball a Rou an d'Mëtt ze spillen, wou de Kojzek gelauert huet an de Ball dunn ouni Problemer elengstoend am Gol ënnerbrénge konnt. D'Spilliddi vun der UNA war also schonns no véier Minutten iwwert de Koup geheit an dëst huet een och un hirer Spillaart a Weis gemierkt.
Partizan huet den Toun uginn an näischt ubrenne gelooss. D'Serben hunn deemno de Ball dréinen an déi Stroossener lafe gelooss. Esou ass et bis an déi 28. Minutt gaangen, wou den Ugresić op eemol aus der zweeter Rei ofgezunn huet. Zwar konnt den Özcan de Ball paréieren, mä de Stroossener Golkipp huet de Ball op den Ibrahim deviéiert, dee séier reagéiert an de Ball a Richtung eidele Gol geschoss huet. De Stroossener Agovic huet wuel nach probéiert, fir de Ball ze klären, mä um Enn sollt hien dat ronnt Lieder net méi vun der Linn kraze kënnen. Et stoung deemno 2:0. Doropshin ass de Match viru sech higeplätschert an d'Serben hu probéiert dës kamoud Féierung mat an d'Paus ze huelen. Dëst sollt hinnen dunn och geléngen, well der UNA vu Stroossen am Stuerm nëmme wéineg agefall ass. Just an der 39. Minutt ass d'UNA eng Kéier geféierlech ginn, dëst no engem Fräistouss. Den Natami huet e Fräistouss an de Strofraum gezierkelt, mat deem hien um éischte Potto de Perez fonnt huet, deen zu engem Kappball ugesat an dësen a Richtung Gol bugséiert huet. Allerdéngs sollt de Ball vum franséische Stiermer nieft dem Gol aschloen, soudatt et mat engem 0:2 aus Stroossener Siicht op den Téi gaangen ass.
Kuerz nom Téi hu sech déi Stroossener hiert Liewen nach méi schwéier gemaach. No engem onnéidege Ballverloscht vum Agovic op de Seck an der 51. Minutt, hat dee leschtgenannten d'Méiglechkeet, fir eleng a Richtung Gol ze marschéieren. Den Agovic, dee säi Feeler nees guttmaache wollt, ass dem Spiller vu Partizan nogelaf a konnt dëse kuerz virum Strofraum stoppen, allerdéngs andeems de Lëtzebuerger op e Foul zréckgegraff huet. Den Arbitter huet dëst als Noutbrems interpretéiert an dem Lëtzebuerger doropshin déi rout Kaart gewisen, eng Entscheedung, déi esou och an der Rei war. Zu zéngt ass et de Stroossener doropshin nach méi schwéier gefall, fir Zoch a Richtung géigneresche Gol ze entwéckelen, soudatt quasi just d'Lokalekipp gespillt huet: Hat de Mitrović bei sengem net cadréierte Kappball an der 55. Minutt den drëtte Gol nach um Kapp léien, esou huet den Ibrahim dëst an der 68. Minutt besser gemaach. Eng Flank vum Milić ass an de Strofraum geseegelt, wou den Ibrahim gutt an de Ball gelaf ass an dësen onhaltbar fir den Özcan am Stroossener Gol versenkt huet.
Nom drëtte Géigegol wosste béid Formatiounen, datt d'Mass gelies war an dëst huet een och gesinn. D'Loft war aus dem Match raus an et huet sech wéineg viru béide Goler gedoen. Déi Stroossener wollten eng gréisser Katastroph verhënneren, wougéint d'Serben e Gang erofgeschalt hunn, wuel fir Kräfte fir de Championnatsmatch géint Mačva Šabac en Sonndeg ze schounen. Ee Gol sollten d'Serben de Stroossener awer nach aschenken. No engem Fräistouss vun de Serben, konnten déi Stroossener de Ball net klären, soudatt den Ugresić am Gewurschtels un de Ball komm ass. Dësen huet séier gezünt an de Ball a Richtung Gol bruecht. Den Özcan war beim Schoss vum jonke Serb ouni Chance a konnt dem Ball just nach nokucken, wéi dësen hannert him ageschloen ass. Et stoung deemno 4:0 a mat dësem Score sollt de Match dunn och schlussendlech op en Enn goen.
Deemno hunn déi Stroossener, genee esou wéi déi Biisser, nächsten Donneschdeg eng Herkulesaufgab viru sech, déi wuel kaum ze packen ass. Esou gesäit et aus, wéi wann deemnächst keng Lëtzebuerger Ekipp méi op der europäescher Bün vertruede wäert sinn an de Lëtzebuerger Dram vun den europäesche Kompetitiounen schonns no der zweeter Quali-Ronn ausgedreemt wäert sinn.