
De Mark van Bommel soll neien Trainer gi vun der belscher Futtballnationalekipp. Dat mellen ënnert anerem "Het Laatste Nieuws" an aner belsch Medien.
De fréiere Mëttelfeldspiller aus Holland an déi belsch Federatioun RBFA wiere sech eens iwwert e Kontrakt, deen an den nächsten Deeg soll ënnerschriwwe ginn a bis op d'mannst fir d'EM 2028 gëlle soll.
Nodeems de van Bommel 2013 seng Schong un den Nol gehaangen hat, war hien Trainer ginn zu Eindhoven, Wolfsburg an Antwerpen. Zanter ronn zwee Joer ass den Hollänner a fréieren "aggressive leader" ouni Engagement.
D'Diables rouges waren ënnert dem Rudi Garcia op der rezenter WM bis an d'Véierelsfinall komm an do géint de spéidere Weltmeeschter Spuenien ausgescheet. Tëscht dem Trainer, dem techneschen Direkter Vincent Mannaert an de Spiller soll et no der holpereger Virronn zu Meenungsverschiddenheete komm sinn.
D'RBFA wier elo op der Sich no engem méi jonken a modernen Trainer, sou belsch Medien.