
Et sollt an der Tierkei fir den Tomas de Sousa Moreira Cruz a säi Veräin Bodrumspor net duergoen, fir d'Punkten doheem géint Keçiörengücü ze halen. D'Gäscht waren an der 25. Minutt duerch de Roshi a Féierung gaangen an den Edumondo hat no 53 Minutten op 2:0 gesat. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller gouf an der 58. Minutt agewiesselt an huet an der 85. Minutt no engem Foul déi giel Kaart kritt. De Match ass 2:0 fir d'Gäscht ausgaangen.
Beim 3:3 tëscht sengem RW Essen a Preußen Münster war den Aiman Dardari an der 72. Minutt agewiesselt ginn. Zu deem Ament louch seng Ekipp 2:1 am Réckstand. Dono konnt de Riso Alsonso, deen an der 38. e Selbstgol geschoss hat, den 2:2 markéieren an den Telalovic konnt vum Punkt esouguer op 3:2 fir d'Gäscht erhéijen. An der 87. Minutt huet de Mess da fir Münster nees ausgeglach.
Beim 3:0 vun Heracles Almelo géint Waalwijk an der 1. Divisioun an Holland war den Yvandro Borges Sanches wéinst enger Blessure net am Kader bei der Victoire virun heemeschem Public.
An der Belsch beim Duell vu Beveren a Lommel stoung de Laurent Jans net am Kader vu Beveren. Seng Ekipp huet sech doheem 3:1 misste geschloe ginn.
Ouni Danel Sinani huet Sampdoria Genua an der Serie B an Italien 1:4 bei US Avellino verluer.