
An der Bundesliga war et e Samschdeg d'Suite vum 5. Spilldag. 3 Punkten goufen et fir Leverkusen, Union Berlin, Stuttgart an Hamburg. An deenen aneren internationale Ligen huet sech e Samschdeg ënnert anerem Chelsea mat 5:1 géint Bournemouth duerch gesat. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
E Freideg den Owend huet Dortmund no enger rasanter Schlussphase no 2:0 Féierung just 2:2 géint Werder Bremen gespillt. Den Ausgläich an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit huet den EX-BVB Spiller Niclas Füllkrug markéiert. De BVB bleift trotz dem Remis op der 1. Plaz, dat well Bayern München zu Augsburg net iwwert ee 2:2 eraus komm ass. An der Tabell steet een deemno weider 2 Punkten virum Däitsche Meeschter.
Hoffenheim hat Besuch vu Hamburg. Dobäi ass den HSV perfekt an de Match komm a louch séier mat 1:0 no 12 Minutten a Féierung. Hoffenheim sollt an der Suite de Match awer dréinen a louch no 53. Minutte mat 2:1 a Féierung. No der Rouder Kaart géint de Bernardo ass den HSV nees zeréck an de Match komm an huet duerch eng couragéiert Schlussphase de Match duerch zwee spéit Goler nach konnte fir sech entscheeden. Um Enn hellt Hamburg déi 3 Punkten mat heem, dat nom 3:2 géint Hoffenheim.
Bayern léisst 2 Punkten zu Augsburg leien a spillt just 2:2-Gläich. Eng kuriéis Ufanksphase hunn d'Spectateuren zu Augsburg erlieft. Bayern hat Ustouss an huet de Ball direkt op de Manuel Neuer zeréck gepasst. Dësen huet de Ball awer net richteg ënner Kontroll bruecht, huet de Ball du wollte fort chippen. Nodeems de Ball dunn un de Réck vum Fellhauer gesprongen ass, huet den Augsburger am schnellste reagéiert an de Ball am eidele Gol ënnerbruecht. 8 Sekonnen déi an d'Geschicht vun der Bundesliga wäerten agoen.

Bayern huet virun allem an der zweeter Hallschent dominant opgespillt, sollt virum Gol bei 29 Schëss awer déi néideg Präzisioun vermesse loossen. Dobäi hunn d'Spiller vum Vincent Kompany wuel 4 weider Goler konnten markéieren, déi awer all wéinst Abseits vum VAR nees zeréck geholl goufen. E Potto Schoss vum Gnabry koum och nach dozou. No 90. Minutten deemno e gléckleche Remis fir Augsburg.
Stuttgart sech sech auswäerts beim Opsteiger Paderborn duerch Goler vum Chabot a Führich mat 2:0 duerch.
Déi éischte Victoire an dëser Saison gëtt et fir Union Berlin. D'Lokalekipp setzt sech mat 1:0 géint Elversberg duerch. De Gol vum Dag huet de Burcu an der 81. Minutt konnte markéieren.
E rasante Match mat net manner wéi 7 Goler hunn d'Spectateuren zu Mainz gesinn. Mainz verléiert um Enn mat 3:4 géint Leverkusen. D'Gäscht sinn dominant an de Match gestart a louchen no 9. Minutten duerch Goler vum Andrich a Schick schnell mat 2:0 a Féierung. Nach virun der Paus konnt Mainz duerch en Doppelpack vum Caci de Match awer nach ausgläichen. Nom Säitewiessel huet Leverkusen dunn nees e Gang erop geschrauft a louch no 65. Minutte mat 4:2 a Féierung. Mainz huet an der Schlussphase wuel alles versicht, ouni den Nadiem Amiri sollt méi wéi den Uschlossgol an der Nospillzäit awer net mei eraus sprangen.
Den Owend spillen um 18:30 nach Leipzig géint Frankfurt.
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.