
Borussia Dortmund - Werder Bremen 2:2
1:0 Svensson (80'), 2:0 Schlotterbeck (85'), 2:1 Reis (88'), 2:2 Füllkrug (90'+2)
Den aktuellen Tabellenéischten, dee bis ewell nach kee Punkt leie gelooss huet, geet als Favorit an dës Partie virun den eegene Fans. Ma och Bremen kënnt mat zwou Victoiren, engem Gläichspill a just enger Néierlag ugereest. Trotzdeem huet Dortmund esou opgespillt, wéi ee sech vun enger Ekipp, déi ëm den Titel matspille wëll, erwaart. Vill Ballbesëtz, vill Ofschlëss a vill Schëss op de Gol. Eenzeg wat gefaalt huet war d'Reussitte. Well trotz engem dominanten Optrieden huet Dortmund eréischt an der 80. Minutt duerch de Svensson den 1:0 geschoss. Wéi d'Schlass du bis geknackt war, huet de Schlotterbeck an der 85. Minutt nach op 2:0 gesat. Dräi Minutte méi spéit huet de Reis dunn awer eppes aus de wéinege Chance vu Werder gemaach an op 2:1 verkierzt. Dat Dominanz net ëmmer Matcher gewënnt, huet de BVB an der Nospillzäit misste feststellen, wéi hei de Füllkrug op 2:2 gesat huet. Werder huet trotz grousser Dortmunder Dominanz sech net opginn a sech mat engem Punkt beim Tabellenéischte belount.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
RC Lens - Olympique Lyon 2:1
1:0 Sotoca (36'), 2:0 Udol (77'), 2:1 Merah (85')
Lyon reest mat der aktuell stäerkster Defense an der zweeter Plaz an der Tabell op Lens, déi knapp virun den Ofstigsplaze stinn. Wärend d'Defense vu Lens bis ewell vill zougelooss huet, hunn hir Stiermer awer och schonn 9 Goler a 5 Matcher geschoss. Trotz dem groussen Ënnerscheed an der Tabell huet Lens sech virun eegenem Public net verstoppt an huet sech no 36 Minutten duerch den Sotoca belount. Dat si offenisv geféierlech sinn, huet dunn den Udol an der 77. Minutt bewisen an op 2:0 gesat. Siwe Minutte méi spéit sollt et fir de Butteur awer eriwwer sinn, well hie krut wéinst engem uerge Foul déi rout Kaart a konnt an d'Dusch goen. Direkt dono huet de Marah op 1:2 aus Siicht vu Lyon verkierzt. Ma vill méi sollt fir de Favorit aus dëser Partie awer net dra sinn.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
FC Malaga - Espanyol Barcelona 1:1
0:1 Zaragoza (13'), 1:1 Nino (90'+3)
Den Tabelleleschten an der héchster spuenescher Spillklass Malaga waart nach ëmmer op déi 1. Victoire. Espanyol dogéint konnt zwar schonn zwee vu siwe Matcher gewannen, ass awer net wäit virun den Ofstigsplazen. D'Ekipp aus Barcelona hat dann awer de bessere Start an ass no 13 Minutten duerch den Zaragoza a Féierung gaangen. Malaga huet nom Géigegol méi fir d'Partie gemaach, huet awer bis an d'Nopsillzäit vum Match gebraucht, fir sech ze belounen. Den Nino hat nämlech hei den Ausgläich fir d'Heemekipp geschoss. Dëst sollt dann och de Schlusspunkt bleiwen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga
FC Moreirense - Gil Vincente 0:1
0:1 Wallace (90',p)
Der Tabell no sollt et Duell op Aenhéicht ginn, well béid Ekippen aktuell 8 Punkten hunn an am Mëttelfeld vun der Tabell stinn. Wärend d'Gäscht an de leschte Matcher déi besser Defense haten, konnt d'Heemekipp duerch hire Stuerm Punkte sammelen. D'Defense vu Gil Vincente sollt dann och an dëser Partie stoen an d'Null konnt gehale ginn. De Gol vum Walace, deen an der 90. Minutt vum Punkt getraff huet, sollt dann d'Decisioun bréngen.
Sporting Braga - Sporting CP
1:0 Silva (41', sg), 1:1 Suarez (66'), 1:2 Bernardo (71', sg), 1:3 Zalazar (82')
Beim Sporting-Duell treffen zwou Ekippen openeen, déi am ieweschten Drëttel vun der Tabell ze fanne sinn. Wärend Braga bis ewell just 5 Goler a sechs Partie kasséiert huet an domadder déi besser Statistiken an der Defense matbréngt, konnt d'Ekipp vu Lissabon a siwe Matcher ganzer 17 Mol markéieren. An dësem Fall war et awer d'Partie vun de Selbstgoler. Den 1:0 fir Braga hat de Silva an den eegene Gol deviéiert an den 2:1 fir de Sporting CP hat de Bernardo géint seng eegen Ekipp markéiert. Dotëscht hat den Suarez ausgeglach. An der 82. Minutt huet de Zalazar du fir d'Virentscheedung gesuergt, wéi hien op 3:1 fir d'Gäscht gesat huet. Mat deem Resultat sollt et dann och ausgoen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Primeira Liga