Damme-FuttballnationalekippCristina Correia an Daniel Zirbes verlängere bis 2028

RTL Lëtzebuerg
Dat huet déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun e Mëttwoch an engem Communiqué matgedeelt.
D'Cristina Correia an den Daniel Zirbes hunn hire Kontrakt verlängert.

D'Cristina Correia an den Daniel Zirbes bleiwen als Trainer-Koppel vun der Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp. Déi 2 hunn hire Kontrakt bei der FLF ëm 2 Joer verlängert, deen da no der Saison 2028 op en Enn geet. Den Duo Zirbes-Correia hat d'Successioun nom Out vum Dan Santos am Mäerz iwwerholl.

Donieft gëtt den Daniel Zirbes och nach Coordinateur vum internationalen Damme-Futtball bei der FLF.

Back to Top
CIM LOGO