Champions LeaguePSG klappt Barcelona spektakulär, Dortmund gewënnt zu Baku

Ben Schlammes
Um Dënschdegowend stoung den Optakt vum drëtte Spilldag an der Champions League um Programm. Dobäi sinn Iwwerraschungen ausbliwwen.
D'Goler vum Match PSG géint Barcelona
No 90 Minutte gewënnt de PSG mat 4:2

Am Kader vum drëtte Spilldag vun der Champions League goufen um Dënschdegowend néng Matcher gespillt. Dortmund gewënnt mam Nationalspiller Enzo dos Santos am Kader géint Sabah, Liverpool dréint de Match géint Villareal a PSG gewënnt am Spëtzematch 4:2 géint Barcelona.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

PSG - Barcelona 4:2
1:0 Doué (38'), 1:1 Espart (55'), 2:1 Hernandez (72'), 2:2 Lamine Yamal (79'), 3:2 Vitinha (81'), 4:2 Fabian (86')

Déi bescht Zeene vum Match PSG géint Barcelona
No enger spektakulärer Schlussphas setzt sech de PSG mat 4:2 duerch.

Paris Saint-Germain a Barcelona hu sech iwwer wäit Strecken een enke Spëtzematch geliwwert, an deem sech d'Lokalekipp um Enn duerchgesat huet. An den éischte 45 Minutte war de PSG iwwer wäit Strecken déi spillbestëmmend Ekipp an ass no 38 Minutte verdéngt duerch ee flotte Schoss vum Désiré Doué a Féierung gaangen. Batter allerdéngs fir Paräis: Den Ousmane Dembélé huet schonn no 20 Minutte missen ugeschloen ausgewiesselt ginn. Och Barcelona huet an der éischter Hallschent misse wiesselen, well sech den Dani Olmo blesséiert huet. Déi beschte Chance fir Barcelona hate Pedri a Fermin an der 40. Minutt. De Matvei Safonov am Gol an de Willian Pacho konnten de séieren Ausgläich awer verhënneren.

An der zweeter Hallschent huet Barcelona aus dem Näischt duerch ee Schoss aus kuerzer Distanz vum 19 Joer ale Xavi Espart ausgeglach. Fir de PSG sollt et nach méi batter ginn, well no enger Stonn och de Marquinhos an de Khvicha Kvaratskhelia verletzungsbedéngt hu missen ausgewiesselt ginn. Deem ganze Schock zum trotz huet Paräis net opginn an no engem Corner eng zweete Kéier getraff: De Lucas Hernandez konnt säin Duell géint den Anthony Gordon gewannen an den 2:1 markéieren. An der Schlussphas ass et du richteg viru gaangen, well de Lamine Yamal zwar relativ direkt nom 2:1 ausgläiche konnt, de Vitinha awer eng nach méi séier Äntwert parat hat an de PSG nees a Féierung bruecht huet. Fënnef Minutten drop huet de Fabian mam 4:2 fir déi definitiv Entscheedung gesuergt.

Fernebahce – Slavia Prag 2:2
1:0 Aydin (4'), 2:0 Greenwood (11'), 2:1 Provod (15'), 2:2 Kacor (90')

Sabah – Borussia Dortmund 1:2
0:1 Guirassy (10'), 1:1 McCarthy (39'), 1:2 Guirassy (53')

De Resumé vun de Matcher Fenerbahce géint Slavia Prag a Sabah géint Dortmund
Fenerbahce a Slavia trennen sech 2:2 an Dortmund gewënnt 2:1 géint Sabah

Fenerbahce a Slavia Prag hu sech no enger animéierter Ufanksphas an engem spéide Gol vun de Gäscht mat 2:2 getrennt. D'Lokalekipp huet een Dramstart erwëscht a louch no 11 Minutte scho mat 2:0 a Féierung. Slavia Prag, déi hir éischt zwee Matcher verluer hunn, konnten allerdéngs séier äntweren a sou stoung et no enger Véierelstonn nëmmen nach 1:2 aus Siicht vun de Gäscht. Am weidere Spillverlaf hat Fenerbahce de Match am Grëff, d'Gäscht vu Prag sinn allerdéngs duerch den agewiesselte Pavel Kacor an der 90. Minutt nach zum Ausgläich komm a sammelen domat am drëtte Match deen éischte Punkt, ee Punkt manner wéi Fenerbahce.

Fir Borussia Dortmund stoung déi drëtt Auswäertsrees hannerteneen um Programm. Nodeems si virun enger Woch nach 0:1 bei Bodö/Glimt verluer hunn an um Weekend net iwwert een 0:0 zu Berlin erauskomm sinn, ass hinnen zu Baku géint Sabah eng wichteg 2:1-Victoire gelongen. De fréien 1:0 vum Serhou Guirassy konnt d'Lokalekipp zwar nach kuerz virun der Paus ausgläichen, op den zweete Gol vum Dortmund-Stiermer hat Sabah awer keng Äntwert méi. Bei der ënnert dem Stréch verdéngter Victoire stoung de Lëtzebuerger Nationalspiller Enzo dos Santos am Kader, souz allerdéngs 90 Minutten op der Bänk.

Liverpool – Villarreal 4:3
0:1 Mikautadze (4'), 0:2 Cardona (29'), 1:2 Mac Allister (36'), 2:2 Araujo (45'+2), 3:2 Mac Allister (65'), 4:2 Wirtz (68'), 4:3 Oluwaseyi (87')

Manchester City – AEK Athen 5:1
1:0 Anderson (12'), 2:0 Foden (34'), 2:1 Pilios (52'), 3:1 Cherki (57'), 4:1 Foden (65'), 5:1 Foden (76')

De Resumé vun de Matcher Liverpool géint Villareal a ManCity géint AEK Athen
Liverpool gewënnt 4:3 géint Villareal a ManCity gewënnt 5:1 géint AEK Athen

Liverpool huet een animéierte Match géint Villareal gedréint a steet domat bei néng Punkten aus dräi Matcher. Et sollt allerdéngs net gutt ufänke fir d'Reds. Schonn no véier Minutte sinn d'Gäscht nämlech duerch den Georges Mikautadze a Féierung gaangen, well sech de Virgil van Dijk ee katastrophale Feeler geleescht hat. No enger hallwer Stonn konnten d'Spuenier souguer op 2:0 stellen, éier Liverpool erwächt ass an duerch den Alexis Mac Allister zum Uschloss komm ass. Nach virum Säitewiessel huet de Ronald Araujo no engem Corner fir den Ausgläich gesuergt. Vun do un hat Liverpool de Match am Grëff an ass duerch ee weidere Gol vum Alexis Mac Allister déi éischte Kéier a Féierung gaangen. Wéi de Florian Wirtz dräi Minutten drop de 4:2 nogeluecht huet, war eigentlech kloer, dass déi dräi Punkten un der Anfield Road bleiwe géifen. Ma Villareal huet et an der 87. Minutt mam 3:4 nach eng Kéier richteg spannend gemaach. Um Enn sollt awer kee weidere Gol méi falen.

Nodeems et Manchester City d'lescht Woch zu Paräis net einfach hat an 2:4 verluer huet, krut AEK Athen de Frust vum engleschen Tabelleleader ze spieren. ManCity huet d'Gäscht aus Griichenland quasi 90 Minutte laang un d'Mauer gespillt an um Enn 5:1 gewonnen. Den tëschenzäitlechen 1:2 vum Stavros Pilios war just ee kuerze schwaache Moment vun den Englänner, déi kuerz drop duerch de Rayan Cherki nees erhéije konnten. An der Suite huet ManCity duerch zwee weider Goler vum Phil Foden de Score souguer op 5:1 gestallt, wat an der Héicht um Enn och verdéngt ass.

AS Roum – Slovan Bratislava 4:0
1:0 Hermoso (21'), 2:0 Molina (39'), 3:0 Pisilli (52'), 4:0 Malen (58')

FC Porto – PSV Eindhoven 0:1
0:1 Til (57')

De Resumé vun de Matcher Roum géint Bratislava a Porto géint PSV
Roum gewënnt 4:0 géint Bratislava a Porto verléiert 1:0 géint PSV

Nodeems Roum d'lescht Woch zwee Mol géint Real Madrid vir war an um Enn awer mat 4:3 verluer huet, hu si et dës Woch op der nämmlechter Plaz géint Slovan Bratislava besser gemaach. Duerch zwee Goler vum Mario Hermoso a vum Nahuel Molina stoung et an der Paus schonn 2:0 fir d'Lokalekipp. Nom Säitewiessel huet et keng Véierelstonn gedauert, bis den Niccolo Pisilli an den Donyell Malen de Score op 4:0 gestallt hunn an domat fir däitlech Verhältnesser gesuergt hunn.

Porto kënnt an dëser Campagne einfach net aus de Startlächer an huet och um drëtte Spilldag verluer. PSV Eindhoven huet iwwer 90 Minutten eng konstant Leeschtung ofgeliwwert a sech duerch ee Gol vum Guus Til an der 57. Minutt mat 1:0 duerchgesat. Porto hat an der 73. Minutt eng eenzeg grouss Chance, fir den Ausgläich ze markéieren, fir PSV hunn awer de Golkipp Matej Kovar an den Lutsharel Geertruida op der Linn gerett.

SSC Neapel – Bodö/Glimt 4:3
1:0 Politano (1'), 1:1 Hauge (27'), 2:1 McTominay (41'), 2:2 Helmersen (62'), 3:2 McTominay (75'), 4:2 Björtuft (88'), 4:3 Fet (90'+4)

VfB Stuttgart – Atlético Madrid 1:1
1:0 Leweling (36'), 1:1 Alvarez (47')

De Resumé vun de Matcher Neapel géint Bodö/Glimt a Stuttgart géint Atlético
Neapel gewënnt 4:3 géint Bodö/Glimt a Stuttgart an Atlético Madrid trennen sech 1:1

SSC Neapel, déi mat zwou Néierlagen an d'Champions League gestart sinn, hu géint Bodö/Glimt déi éischte Victoire gefeiert. De Matteo Politano huet dobäi no manner wéi 60 Sekonne fir ee Blëtzstart gesuergt a mat engem wonnerschéine Schoss d'Heemfans direkt a Stëmmung bruecht. Bodö/Glimt war dovun awer wéineg beandrockt a konnt a Persoun vum Jens Petter Hauge ausgläichen. Och op dem Scott McTominay säi Gol zum 2:1 haten d'Norweger eng Äntwert parat a sinn no enger gudder Stonn nees zum Ausgläich komm. Réischt dem McTominay säin zweete Gol vum Dag sollt Bodö/Glimt endgülteg aus dem Match huelen: An der 75. Minutt huet de Schott mat engem Kappball fir den 3:2 gesuergt an an der Schlussphas ass duerch een Eegegol nach de 4:2 gefall a sou sollt dem Sondre Fet säin 3:4 net duergoen, fir nach eppes um Resultat ze änneren.

Virun enger herrlecher Kuliss hat Stuttgart an der MHP-Arena Atlético Madrid op Besuch. No 90 intensive Minutten hu sech béid Ekippen 1:1 getrennt. Fir Stuttgart, déi domat an der Champions League ongeschloen bleiwen, ass dat e bëssen ze wéineg, well si duerch eng rout Kaart fir den Atlético eng hallef Stonn an Iwwerzuel gespillt hunn an duerch ee Gol vum Jamie Leweling an der Paus souguer a Féierung louchen, éier de Julian Alvarez an der 47. Minutt ausgläiche konnt.

________________________________________________

All d'Resultater an d'Tabell am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO