Mat engem Bläistëft an der Hand huet fir den David Leal alles ugefaangen. Schonn als klengt Kand huet hien ugefaange mat kritzelen, du molen – ganz spontan, ouni grouss Reegelen.
Haut, mat 18 Joer, ass aus där Passioun méi ginn: Hie kreéiert seng eege Manga-Welten – an dat esouguer esou gutt, datt hie mat senger eegener Manga-Geschicht bei engem Concours de 4. Präis gewonnen huet.
Fir den David ass Manga net just en Hobby. Et ass eng Flucht aus dem Alldag.
Wann hien um Dësch sëtzt an zeechent, verschwënnt alles ronderëm hien. Zäit spillt keng Roll méi – just nach d'Linnen, d'Figuren an d'Geschicht, déi lues a lues entsteet. Eng Erfarung, déi vill jonk Kënschtler deelen: Zeechnen als Moment fir sech selwer.
Wéi vill aner jonk Leit huet och den David seng Inspiratioun online fonnt. Op Plattforme wéi Instagram oder TikTok deelen Artisten hir Wierker, Tutorials a Kreatioun-Prozesser. Dës Welt huet och hie gepräägt a motivéiert, selwer besser ze ginn.
Manga kënnt ursprénglech aus Japan, ass haut awer e weltwäite Phänomen. Och zu Lëtzebuerg gëtt den Interessi ëmmer méi grouss: Eventer wéi de Japan Manga Wave zéien all Joer Fans vun Anime, Cosplay a Manga un. An och Atelieren a Course fir jonk Leit weisen: Manga ass längst och hei ukomm. Den David ass Deel vun där neier Generatioun.
Wat dacks einfach ausgesäit, ass a Wierklechkeet eng Gedold-Aarbecht. Eng eenzeg Säit ka Stonnen daueren: Skizz, Detailer, Ausdrock, Perspektiv – alles muss passen. Et geet net just ëm d'Zeechnen, mee och drëms Geschichten z'erzielen – ouni vill Wierder.
De 4. Präis fir seng Manga-Geschicht "Le train des Ardennes" iwwert de Krich ass fir den David net just eng Auszeechnung. Et ass virun allem eng Bestätegung, datt seng Aarbecht ukënnt. "An eng Motivatioun, fir weider ze maachen.
Fir den David Leal ass Manga nach laang net eriwwer. Am Géigendeel: et ass eréischt den Ufank. Mat all neier Zeechnung, mat all neier Iddi schreift hie seng eege Geschicht weider an dat
Stréch fir Stréch.