Am Allersmatch zu London war e Samscbdeg Lyon fréi a Féierung gaangen, d'Lokalekipp konnt de Match awer dréinen an um Enn 2:1 gewannen.
Deen Avantage sollt awer e Samschdeg de Mëtteg am Parc Olympique Lyonnais net allze laang halen. No 16 Minutte gouf et no engem Foul um Dumornay en Eelefmeter fir Lyon. Déi erfuere Franséisin Renard huet d'Verantwortung iwwerholl an ass am éischte Versuch um van Domselaar hänke bliwwen, ma d'Arsenal-Golkipperin stoung um Moment vum Schoss virun der Linn, soudass den Eelefmeter widderholl gouf an d'Renard den 1:0 am zweete Versuch schéisse konnt. An der Suite war et ee Match op Aenhéicht, an deem d'Lokalekipp awer méi geféierlech bliwwen ass. Sou konnt d'Diani dunn och an der 36. Spillminutt no engem Corner op 2:0 erhéijen. Mat deem Score ass et no 45 Minutten an d'Kabinne gaangen.
Nom Säitewiessel war et ee Match ouni vill Aktiounen a béide Strofraim, an deem den Titelverdeedeger aus England awer méi d'Kontroll iwwerholl huet. An der 76. Minutt war et dunn e wéineg aus dem Näischt den 2:1 vum Russo, no deem alles op eng Verlängerung higedeit hat. Ma an der 89. Spillminutt war et d'Brand, déi no schéiner Virlag vum Dumornay den 3:1 fir Lyon geschoss huet an hire Faarwen domat den Ticket fir d'Finall geséchert huet.
Domat zitt d'Ekipp vum Trainer Jonatan Giraldez, deen d'Kompetitioun och mat Barcelona schonn zweemol gewanne konnt, fir déi 12. Kéier an eng Champions-League-Finall an. Mat 8 gewonnenen Titelen ass Lyon donieft Rekordchampion.
E Sonndeg de Mëtteg huet sech dann den FC Barcelona am Retourmatch géint den FC Bayern mat 4:2 duerchgesat an duerch den 1:1 aus dem Allersmatch den Ticket fir d'Finall gebucht. Virun den eegene Spectateuren haten d'Katalaninnen fir de gréissten Deel d'Iwwerhand an hunn de Münchenerinnen net vill Chance gelooss. Um Enn war et also eng verdéngte Victoire, duerch déi d'Damme vum FC Barcelona fir déi sechste Kéier hannerteneen an der Champions-League-Finall stinn. Fir den FC Bayern ass dogéint den Dram vum Triple geplatzt.