
Een Dag no der offizieller Entloossung vum Michael Carrick huet den englesche Futtballveräi Manchester United een neien Trainer fonnt. D'Wiel ass op een ale Bekannten an der Premier League gefall: De Mauricio Pochettino iwwerhëlt ManUnited.
Bis ewell huet de Pochettino d'Nationalekipp vun den USA trainéiert. D'Lännermatcher, déi nach ustinn, wäert hien och nach mat der Ekipp absolvéieren. D'USA spillen e Samschdeg an en Dënschdeg géint Haiti. Am Summer hat den Argentinier d'Ekipp bei der WM am eegene Land bis an d'Aachtelsfinalle bruecht.
Vum 18. November un iwwerhëlt hien dann als Trainer Manchester United. Hien huet e Kontrakt bis 2029 ënnerschriwwen. Den éischte Match ënnert dem Pochettino wäert d'Partie géint Liverpool den 22. November ginn.
An der Tabell steet Manchester United aktuell op enger Ofstigsplaz.