Nations LeagueD'Belsch an Italie wannen no Réckstand, England feiert neie Rekordspiller Kane

Ben Schlammes
Um Donneschdegowend stoung den Optakt vum fënnefte Spilldag an der Nations League um Programm. Do déi eng oder aner Entscheedung fir de weidere Verlaf vun der Campagne gefall.
Belgium's midfielder # Kevin De Bruyne (L) celebrates with teammates after scoring his team's first goal during the UEFA Nations League Group 1 football match between Turkey and Belgium at the Gursel-Aksel Stadium in Izmir on November 12, 2026. (Photo by YASIN AKGUL / AFP)
D'Spiller aus der Belsch konnten sech iwwert zwee Goler ënnerhalb vun dräi Minutte freeën.
© AFP

Am Kader vum fënnefte Spilldag an der Nations League goufen um Donneschdegowend aacht Matcher gespillt. D'Belsch huet no Réckstand an der Tierkei gewonnen, de Weltmeeschter Spuenien huet um Wee an d'Véierelsfinall d'Hürd Tschechien iwwerstanen an England feiert mam Harry Kane een neie Rekordnationalspiller.

Liga A

D'Belsch huet knapp mat 2:1 an der Tierkei gewonnen. Fir d'Lokalekipp war et deen éischte Match mam Sergen Yalcin un der Säitelinn. Trotz dem Trainerwiessel geet déi negativ Serie vum Virgänger Vincenzo Montella mat der fënnefter Néierlag um Stéck weider. Dobäi ass et net schlecht fir d'Tierke lassgaangen: An der 20. Minutt huet den Arda Güler ee Fräistouss aus 30 Meter direkt verwandelt. Zéng Minutten drop gouf d'Euphorie zu Izmir awer och nees gebremst, well de Kevin De Bruyne an de Charles De Ketelaere de Match ganz séier gedréint hunn. Am weidere Verlaf hate béid Ekippe gutt Chancen, fir eng weider Kéier ze treffen, et sollt awer beim 2:1 fir d'Belsch bleiwen. D'Tierkei ass domat fréizäiteg an d'Liga B ofgestigen.

An der nämmlechter Grupp huet Italien 3:1 géint Frankräich gewonnen. D'Fransousen haten de Match an den éischte 45 Minutten iwwer wäit Strecken am Grëff, hunn sech allerdéngs nom 1:0 vum Michael Olise den Ausgläich duerch de Pio Esposito gefaangen. Nom Säitewiessel ass et ufanks nach hin an hir gaangen, éier d'Italieener vun enger gudder Phas profitéiert hunn an duerch ee schéine Gol vum Davide Frattesi mat 2:1 a Féierung gaange sinn, obwuel si kuerz virdrun een Eelefmeter verschoss hunn. Zur Freed vun de Supporter am Guiseppe Meazza huet et de Pio Esposito vum Punkt besser gemaach wéi säi Brudder Sebastiano a säin Eelefmeter géint de Mike Maignan zum 3:1 versenkt. Vum Zinédine Zidane senge Spiller koum keng Reaktioun méi.

Um leschte Spilldag erwaart eis e Sonndeg eng spannend Finall an dëser Grupp, well Italien a Frankräich mat zéng Punkten un der Spëtzt vun der Tabell stinn, d'Belsch awer mat néng Punkten direkt hannendrun lauert an zu Bréissel op d'Italieener trëfft.

Fir England war de Match géint Kroatien ee ganz besonneschen, well den Harry Kane bei der 2:1-Victoire fir déi 126. Kéier fir d'Three Lions opgelaf ass an domat elo hire Rekordnationalspiller ass. An der éischter Hallschent ass fir d'Lokalekipp am Wembley alles no Plang verlaf, well de Morgan Rogers no 24 Minutten den 1:0 markéiert huet. Op de kuerze Schock duerch den 1:1 hat den Harry Kane a sengem Rekordmatch déi passend Äntwert: No enger gudder Stonn huet hien een Eelefmeter souverän verwandelt a gläichzäiteg fir den Endstand gesuergt.

Eng Ekipp huet an dëser Grupp méi Punkte wéi d'Englänner gesammelt: Spuenien huet nämlech 1:0 an Tschechie gewonnen a steet weiderhin ouni Punkteverloscht un der Spëtzt vun der Tabell. De Grondstee fir d'Victoire ouni den ugeschloenen Lamine Yamal huet den Alex Baena per Eelefmeter kuerz virun der Paus geluecht. Wéi d'Tschechen ëmmer besser an de Match fonnt hunn a souguer zwee Mol d'Lat getraff hunn, huet eng rout Kaart fir de Ladislav Krejci de Match an der 72. Minutt entscheet. Ganz spéit an der Nospillzäit huet de Marc Pubill nach den 2:0 markéiert. Domat sti souwuel Spuenie wéi och England fréizäiteg als Véierelsfinalist an der Liga A fest.

Liga C

Wäissrussland huet wéi ze erwaarden dräi Punkte géint San Marino gesammelt a sech domat eng realistesch Chance op d'Véirelsfinall erspillt, well e Sonndeg ee Punkt géint Albanien duer geet, fir et aus eegener Kraaft ze packen. Fir San Marino bedeit dës fir eege Verhältnesser knapp 0:2-Néierlag virum eegene Public, dass si mat ëmmer nach null Punkten um Kont net méi opsteige kënnen.

Mam Réck zur Mauer steet um leschte Spilldag Finnland. Bei der 0:2-Néierlag an Albanien hunn si et verpasst, fir nach aus eegener Kraaft kënnen ëm den Opstig matzespillen. D'Albaner, déi hiren Ticket fir d'Véierelsfinall an der Täsch hunn, ware virum Gol einfach méi zilorientéiert wéi d'Finnen, déi e puer gutt Chancë leie gelooss hunn.

Armenien an Zypern hunn sech an engem ausgeglachene Match mat 1:1 getrennt. D'Zyprioten hunn zwar fréi den 1:0 markéiert, et dunn awer verpasst, fir de Score auszebauen. An der zweeter Hallschent war d'Lokalekipp du besser, huet sech mam Ausgläich belount a souguer op den 2:1 gedréckt, fir mat de Gäscht an der Tabell gläichzezéien. Trotz dem Remis ass fir béid Länner um leschte Spilldag nach rechneresch alles méiglech.

Lettland ass no der 1:2-Néierlag a Montenegro raus aus der Verlousung ëm d'Véierelsfinall an der Liga C, wärend Montenegro sécher dobäi ass. Laang stoung et zu Podgorica 0:0, ënner anerem bedéngt duerch eng giel-rout Kaart fir de Stefan Savic, éier de Nikola Krstovic mat engem Kappball an der 70. Minutt den 1:0 fir d'Lokalekipp markéiert huet. Nëmmen zwou Minutten drop sinn d'Letten allerdéngs zum Ausgläich komm. An der Nospillzäit ass Montenegro awer nees a Féierung gaangen, wouropshi Lettland net méi zréckschloe konnt.


D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

D'Tabelle vun der Nations League

Back to Top
CIM LOGO