
De Vitor Pereira an den FC Atert Biissen gi vun elo u getrennte Weeër. Dat huet de Champion vun der leschter Saison op de soziale Medien annoncéiert. Den 48 Joer ale Portugis hat déi Biisser am Summer 2025 iwwerholl a gouf direkt an der éischter Saison an der Veräinsgeschicht an der BGL Ligue Champion als Opsteiger.
Dës Saison stinn déi Giel-schwaarz no 12 Spilldeeg mat 25 Punkten op der 4. Plaz an der Tabell. E Successeur huet de Veräin nach net bekannt ginn.