Den Iwwerbléck vum internationale FuttballKnapp Victoire fir de PSG zu Metz, Barcelona setzt Real ënner Drock

Jeff Birsens
Metz konnt géint de Favorit aus Paräis zwee Mol verkierzen, ma fir ee Punkt sollt et um Enn bei enger 2:3-Defaite net duergoen.
Paris Saint-Germain's French midfielder #14 Desire Doue celebrates after scoring a goal during the French L1 football match between Metz and Paris Saint-Germain (PSG) at the Stade Saint-Symphorien in Metz, eastern France, on December 13, 2025. (Photo by Jean-Christophe VERHAEGEN / AFP)
© AFP

Am internationale Futtballchampionnat ass den FC Liverpool weider um Wee aus der klenger Kris eraus an ass duerch eng Victoire géint Everton elo an der Premier League nees véier Matcher ongeschloen. Donieft huet och Chelsea seng Aufgab géint Everton erfëllt. A Spuenien huet den FC Barcelona virgeluecht an zitt no enger 2:0-Victoire géint Osasuna an der Tabell op siwe Punkten dovun. Real Madrid steet domat e Sonndeg géint Alaves ënner Drock.

An der Ligue 1 war dann de PSG zu Metz ze Gaascht. Trotz enger 2:0-Féierung war de Match laang net entscheet. D’Lokalekipp konnt zwar zwee Mol verkierzen, ma fir e Punkt sollt et um Enn bei enger 2:3-Defaite net duergoen.

Fir St. Pauli gouf et an der 1. Bundesliga déi éischt Victoire zanter dräi Méint.

Premier League

Chelsea - Everton 2:0
1:0 Palmer (21'), 2:0 Gusto (45')

Liverpool - Brighton 2:0
1:0 Ekitiké (1'), 2:0 Ekitiké (60')

E bessere Start an de Match hätte sech d’Reds un der Anfield Road net virstelle kënnen. Nëmme 46 Sekonnen huet et gedauert, bis de Ball eng éischte Kéier duerch den Hugo Ekitiké am Netz ageschloe war. Nom fréie Gol war et dann eng Zäit laang méi roueg, well och Brighton dogéint gehalen huet. Réischt kuerz virun der Paus ass Liverpool dann nees méi geféierlech ginn. Nom Säitewiessel ass den Drock op den eegene Gol fir Brighton dann awer mat all Minutt geklommen. An der 60. Minutt ass dem Ekitiké dann den 2:0 gelongen, dat no Viraarbecht vum Mohammed Salah, dee jo nach an der Woch fir den Champions-League-Match suspendéiert gi war. Um Enn kënnen d’Reds eng verdéngt Victoire feieren.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

FC Turin - Cremonese 1:0
1:0 Vlasic (27')

Parma - Lazio 0:1
0:1 Noslin (82')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Rennes - Brest 3:1
0:1 Baldé (13'), 1:1 Lepaul (24'), 2:1 Al-Taamari (25'), 3:1 Meité (87')

Metz - PSG 2:3
0:1 Ramos (31'), 0:2 Ndjantou (39'), 1:2 Deminguet (42'), 1:3 Doué (63'), 2:3 Tsitaishvili (81')

Metz muss sech trotz enger kämpferescher Leeschtung mat 2:3 géint de PSG geschloe ginn. D’Gäscht aus Paräis waren duerch Goler an der 31. an 39. Minutt a Féierung gaangen a sinn hirer Favoritteroll domat gerecht ginn. D’Spannung fir déi zweet Hallschent sollt awer duerch den 1:2 vum Jessy Deminguet kuerz virun der Paus erhale bleiwen. Nom Säitewiessel war et dann den Desiré Doué, deen op 3:1 erhéije konnt. Den FC Metz huet awer weider net opginn a konnt op en Neits op 2:3 verkierzen. Um Enn sollt et awer net duergoen, fir sech mat engem Punkt ze belounen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Valencia 2:1
1:0 Koke (17'), 1:1 Beltran (63'), 2:1 Griezmann (74')

Atlético Madrid huet duerch eng Victoire géint Valencia weider seng Plaz ënnert den éischte Véier gefestegt. Schonn no 17 Minutte war d’Féierung am Numm vum Koke gelongen. Duerno hat Valencia awer och an de Match fonnt a wärend e Gol an der 34. Minutt nach wéinst enger knapper Abseitspositioun zréckgepaff gouf, konnt de Gaascht an der 63. Minutt dann ausgläichen. Ma dat lescht Wuert sollt an der 74. Minutt den Antoine Griezmann hunn, dee mat sengem Gol per Volley de Match um Enn decidéiert huet.

Barcelona - Osasuna 2:0
1:0 Raphinha (70'), 2:0 Raphinha (86')

Barcelona huet géint Osasuna gutt misse schaffen, fir um Enn déi dräi Punkten ze sécheren. Ufanks huet de Gaascht aus Osasuna sech virun allem op déi defensiv Aarbecht konzentréiert an et de Katalane sou schwéier gemaach, e Wee laanscht ze fannen. Um Enn vun der éischter Hallschent an och no der Paus ass den Drock vu Barcelona dann ëmmer méi grouss ginn. D’Erléisung gouf et dann an der 70. Minutt duerch den 1:0 vum Raphinha. De Brasilianer huet an der 86. Minutt dann den Deckel mat sengem zweete Gol vum Dag drop gemaach.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO