Futtball: 1. BundesligaÉischt Victoire zanter dräi Méint fir St. Pauli, Leverkusen klappt Köln am Derby

Jeff Birsens
Den FC St. Pauli an den Danel Sinani hate fir d'lescht de 14. September e Match an der Bundesliga gewonnen. Elo goufen et géint Heidenheim nees dräi Punkten.
© Foto von MARCUS BRANDT / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

E Samschdeg de Mëtteg war an der 1. Bundesliga d’Suite vum 14. Spilldag, nodeems sech e Sonndeg den Owend fir den Optakt Union Berlin iwwerraschend mat 3:1 géint Leipzig duerchgesat huet.

Den Iwwerbléck vun de weideren internationale Futtballchampionnater fannt Dir hei.

Dem FC St. Pauli ass mat engem 2:1-Succès géint Heidenheim e Befreiungsschlag gelongen. Nom éischte Punkt zanter 10 Matcher um leschte Spilldag sinn et elo also nees dräi Punkte ginn. Zwee Goler vum Martijn Kaars haten “d’Kiezkicker” verdéngt a Féierung bruecht. Eenzege Réckschlag gouf et tësche béide Goler mat der Rouder Kaart fir den Eric Smith no enger Noutbrems. An der 64. Minutt gouf de Match mam Gol zum 1:2 duerch de Marvin Pieringer nees méi spannend gemaach, ma Pauli sollt dëse Spillstand iwwer d’Zäit brénge kënnen. Den Danel Sinani ass op dësem Spilldag op der Bänk bliwwen.

Weider an Toppform huet sech d’TSG Hoffenheim mat enger klorer 4:1-Victoire géint Hamburg gewisen. D’Kraichgauer hunn d’Partie vun Ufank u kontrolléiert a louchen deemno fir d’Paus verdéngt mat 2:0 a Féierung. Och nom Säitewiessel konnt den HSV net dergéinthalen, sou datt de Match no zwee weidere Goler knapp 20 Minutte viru Schluss schonn decidéiert war. Dem Rayan Philippe, hei am Land nach vu senger Zäit beim Swift Hesper bekannt, war nach den 1:4 gelongen.

Donieft gouf et an den zwou weidere Partië vum Mëtteg nach eng knapp 1:0-Victoire fir Frankfurt doheem géint Augsburg an eng 1:3-Defaite fir Gladbach géint Wolfsburg.

E Samschdeg den Owend huet sech Leverkusen am Derby doheem dann nach mat 2:0 géint Köln duerchgesat. No enger schwaacher éischter Hallschent huet d’Werkself no der Paus den Tempo ëmmer weider erhéicht, sou datt d’Féierung nëmmen nach eng Fro vun der Zäit war. Mat engem richtege Sonndes-Gol ass Leverkusen dann och den 1:0 gelongen. An der 66. Minutt huet de Martin Terrier de Ball mat der Hack iwwert de Kölner Golkipp erageschoss. E puer Minutte méi spéit sollt de Robert Andrich da mam 2:0 fir eng kleng Virentscheedung suergen, op déi de Gaascht aus Köln dann och keng Reaktioun méi weise konnt.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO