Een Dag virum Retourmatch géint Bulgarien an der Nations League stoung de Jeff Strasser e Méindeg den Owend der Press Ried an Äntwert. Am RTL-Interview bedauert den Nationaltrainer déi vill Ausfäll, mee kuckt trotzdeem no vir.
Déi blesséiert a gespaarte Spiller wäerten ersat ginn, sou datt en Dënschdeg eng kompetitiv Ekipp um Terrain wäert stoen, déi de Match positiv ugeet an an der Dynamik héich bleift, sou de Jeff Strasser. Et wier keng einfach Situatioun, mee et géing een no vir kucken.