Wéi d’FLF matgedeelt huet, ass de Leandro Barreiro fir de Match en Dënschdeg géint Bulgarien gespaart. E Samschdeg an der Partie an Estland hat de Mëttelfeldspiller op der Bänk déi giel Kaart kritt.
Allerdéngs krut herno de Marvin Martins dës zougesprach. Dat war um Site vun der UEFA ze gesinn. Déi jeeweileg Instanzen hu sech an der Suite nach eng Kéier d'Biller genau ugekuckt an dunn decidéiert, datt déi giel Kaart fir de Leandro Barreiro war. Dem Marvin Martins gouf se deementspriechend erëm ewechgeholl.
Domadder feelt der FLF-Selektioun nieft deene Blesséierte Seid Korac, Danel Sinani, Laurent Jans a Christopher Martins, elo e weidere Pilier.