Coupe am Futtball DammenRacing an Ell wannen héich, zwee Mol entscheet d'Eelefmeterschéissen

Ben Schlammes
Um Mëttwochowend stoungen d'Aachtelsfinallen an der Coupe vun den Dammen um Programm. Nieft däitleche Resultater gouf et och deen een oder anere Krimi.
© RTL / Archive

Am Kader vun der Aachtelsfinall an der Coupe de Luxembourg bei den Damme goufen um Mëttwochowend siwe Matcher gespillt an een am Virfeld schonn entscheet: Hesper gewënnt forfait géint d'Entente Suessem / Bieles, de Racing iwwerrennt Rëmeleng an zwee Mol ass d'Entscheedung réischt am Eelefmeterschéisse gefall.

Den Titelverdeedeger Racing krut et mat Rëmeleng ze dinn an huet dem Drëttligist bei der däitlecher 25:0-Victoire guer keng Chance gelooss. Schonn an der Paus haten d'Dammen aus der Stad ee Virsprong vun néng Goler. Och d'Spillerinne vun Ell ware géint d'Fiels motivéiert fir Goler ze schéissen an hunn um Enn 7:0 géint den Zweetligist gewonnen.

Mat ganz vill Brisanz gouf de Match Beetebuerg géint Déifferdeng erwaart: Beim 1:1 viru véier Deeg an der Liga ass et no enger ëmstriddener rouder Kaart fir Beetebuerg zu Onroue komm. De Quotidien schwätzt souguer vu Morddrohungen. D'SCB-Spillerinnen hunn hir Saach allerdéngs besser gemaach wéi e Samschdeg an hir 1:0-Féierung an der leschter hallwer Stonn dës Kéier iwwert d'Zäit gerett.

Och déi aner zwee Dueller tëscht Éischtligisten hu fir vill Spannung a knapp Resultater gesuergt. Dikrech gewënnt no enger spektakulärer Schlussphas 3:1 bei der Entente Osten. Nodeems et laang 0:0 stoung hunn d'Gäscht trotz dem tëschenzäitlechen Ausgläich nach zwee Mol nogeluecht. Am Opsteigerduell tëscht der Entente Red Black / Red Star a Kielen ass d'Entscheedung réischt am Eelefmeterschéisse gefall, dat zu Gonschte vun der Lokalekipp.

D'Véierelsfinalle gi vun zwee Zweetligiste komplettéiert: Käerjeng behaapt sech 2:1 bei der Entente Wëntger / Ëlwen an Diddeleng setzt sech am Eelefmeterschéisse géint Nidderkuer duerch.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO